Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaziler: D'Industrie erwaart sech méi konkret Pisten

Wirtschaft

Klimaziler: D'Industrie erwaart sech méi konkret Pisten

D'Industriellefederatioun FEDIL wënscht sech, méi politesch Ënnerstëtzung fir Betriber, déi fir CO2-Emissioune reduzéieren. D'Lëtzebuerger Regierung misst méi kloer virzeechnen, wéi d'Lëtzebuerger Industrie hir CO2-Emissioune ka reduzéieren, esou de FEDIL-Direkter René Winkin.

auto_stories

1 min

Et kéint een net just Ziler festleeën, déi een all Joer géif verschäerfen, ouin eng kloer Linn ze hunn, wéi een dozou kéim, sou de René Winkin. "Eng Partie Äntwerte fënnt een am Klima- an Energie-Plang, den d'lescht Joer ugeholl ginn ass. Mee och do ass villes nach vage. An ech mengen do musse mer wierklech een Zant zouleeën."

D'FEDIL fuerdert zum Beispill datt d'Betriber bei der Ëmstellung op eng elektresch bedriwwe Produktioun gehollef kréien. Hei misst Standuert fir Standuert gekuckt ginn, ob de Stroumreseau staark genuch fir déi concernéiert Betriber ass, esou de FEDIL-Direkter.

"An do musse mer dann Aktivitéitszon fir Aktivitéitszon kucken, ob de Stroumréseau staark genuch ass, wat dat bedeit, a wéi eng Ënnerstetzung een nach bräicht. Dat ass fir eis konkret. A wann dee Package stëmmt, da kann een drun denken, datt ee vläicht dat areeche kann, wat d'Regierung eis do elo emol just op Pabéier geschriwwen huet."

D'Industriellefederatioun FEDIL wënscht sech, méi politesch Ënnerstëtzung fir Betriber, déi fir CO2-Emissioune reduzéieren. De FEDIL-Direkter René Winkin seet, hie géif sech wënschen, datt Betriber belount ginn, wa se hir CO2-Emissiounen erof schreiwen. D'FEDIL fuerdert dofir eng "progressiv CO2-Steier", mat engem Taux, den automatesch zréckgeet, wann e Betriber manner Emissiounen ausstéisst.