Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Klimawandel: Weltwäit Konsequenzen

Weltmeteosorganisatioun

Klimawandel: Weltwäit Konsequenzen

Praktesch all Regiounen uechtert d'Welt si vun extreme Wiederkonditioune betraff. Grond fir dat extreemt Wieder ass de Klimawandel, dat geet aus dem neiste Rapport vun der Weltmeteosorganisatioun ervir.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi lescht aacht Joer wäerten als déi wäermsten an d'Geschicht agoen. Och wann 2022 viraussiichtlech "just" dat 6. Wäermste Joer zanter den Opzeechnunge wäert ginn, heescht dat net, datt den Trend gestoppt ass.

Am Géigendeel: laut der WMO ass et nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis ee neit Joer de Rekordwäert brieche wäert. Schold dorunner si virun allem d'Zäregase wéi CO2 oder Methan.

Déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur wäert fir dëst Joer ëm 1,15 Grad iwwert dem pre-industriellen Duerchschnëtt vun 1850-1900 leien.

Weltwäit Konsequenzen

D'Konsequenze si spierbar. D'Ozeaner gi méi waarm an d'Äis schmëlzt ëmmer méi. Dofir ass tëscht Januar zejoert an dem August vun dësem Joer de Mieresspigel ëm fënnef Milimeter geklomm.

D'Schwäiz huet lescht Joer sechs Prozent vun hirem Gletscheräis verluer. D'Iwwerschwemmungen am Pakistan hunn honnerte Mënschen d'Liewe kascht. Bal 20 Millioune Leit riskéiere wéinst der aktueller Dréchent an Ost-Afrika an eng Hongersnout ze verfalen.

An och an Europa an am Süde vu China waren d'Hëtztwelle méi staark wéi soss. Eréischt déi lescht Woch hat d'WMO den europäesche Klimarapport virgestallt. Ee vun den Haaptauteure war de Lëtzebuerger Klimafuerscher Andrew Ferrone.