Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimawandel a Wahlkampf

Chamberwahlen 2018

Klimawandel a Wahlkampf

Rekordtemperaturen op quasi alle Kontinenter, Bëschbränn um Polarkrees a massiv Verloschter an der Landwirtschaft weisen, wéi konkret den Impakt vum Klimawandel mëttlerweil ass. D'Urgence vum Problem spigelt sech am politeschen Debat dräi Méint virun de Chamberwahlen an och an de Wahlprogrammer net erëm, bedauert d'Pia Oppel an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

D'Wiederextremer gi méi heefeg a méi intensiv wéinst der Äerderwiermung. D'Wahrscheinlechkeet vun Hëtztwellen an Nordeuropa ass mëttlerweil duebel sou héich, wéi virum industriellen Zäitalter, soen international Wëssenschaftler. D'Mëttelmierregioun - wou vill Lëtzebuerger elo grad an der Vakanz sinn - kéint bei enger Äerderwiermung vun dräi Grad deels zu engem Wüstegebitt ginn, heescht et am Wëssenschaftsmagazin Nature Climate Change.

Et geschitt méi séier wéi erwaart

Den Trend ass kloer: D'CO2-Konzentratioun an der Atmosphär klëmmt, d'Ozeaner gi méi waarm, Gletscher a Polaräis schmëlzen, de Mieresniveau klëmmt, de Klimasystem ass perturbéiert. D'Changementer geschéien deels méi séier wéi erwaart. Millioune Mënsche musse méiglecherweis hir Heemecht verloossen, well dee räichen Deel vun der Weltbevëlkerung sech esou verhält, wéi wann dee Problem si net géif concernéieren.

Awer och fir Wuelstandseuropäer gëtt de Klimawandel vun der abstrakter Menace ëmmer méi zu engem konkrete Problem: Den däitsche Bauereverband rechent mat der "schlechtster Recolte vum Joerhonnert", an der Schwäiz gëtt ee massiivt Fëschstierwen am Rhäin gefaart, a Schweden goufen et am Juli 60 Bëschbränn.

Zu Lëtzebuerg hale sech d'Schied nach a Grenzen, mee d'Waasserreserve stinn ënner Drock, d'Bauere maache sech Suergen iwwer Verloschter an d'Tourismusbranche ass sécher net begeeschtert vun de Bloalgen am Stau an den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall.

Keng konkret Äntwert vun der Politik

A wat seet d'Politik dozou? De Paräisser Klimaaccord mat sengem Zil vun däitlech ënner zwee Grad Äerderwiermung stellt keng Partei hei am Land a Fro. Mee an de Wahlprogrammer, déi bis elo publizéiert goufen, si kaum konkret Mesuren ze fanne fir d'CO2-Emissiounen däitlech ze reduzéieren. LSAP, DP, déi gréng an déi Lénk stellen den Tanktourismus a Fro, soen awer net, bis wéini si där Praxis een Enn wëlle setzen. D'KPL fuerdert eng ambitiéis Klimapolitik, ouni op d'Thema Tanktourismus anzegoen. Wéini keng Verbrennungsmotore méi zougelooss ginn, loossen all dës Parteien oppen. Wéi konkret d'Ëmstellung op erneierbar Energië soll Realitéit ginn, och. An de Programmer vu Piraten a Konservativ ass de Klimaschutz kaum en Thema. D'Programmer vun CSV an ADR leien nach net vir.

Bis ewell huet een an dësem Wahlkampf vill vag Wuesstemskritik mat deels xenophoben Ënnertéin héieren. Angscht maachen ouni konkret Léisungen ze proposéieren ass einfach. Méi politesche Courage ass néideg, wann een d'Wuesstemsfro mat der konkreter Problematik vum Klimawandel verknäppt. Da muss een nämlech den eegene Liewensstil an net dee vun aneren hannerfroen. An eventuell méi onbequem Léisunge proposéieren.


D'Pia Oppel am Panorama den 1. August um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow