Et wier inacceptabel, datt d'Thema Klimaschutz an der Ofschlossdeklaratioun nëmmen an engem Niewesaz genannt gëtt, kritiséiert d'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg.
Um EU-Sommet hate Frankräich a siwe weider Staaten, dorënner Lëtzebuerg, probéiert Ënnerstëtzung fir méi éiergäizeg Klimaschutzziler ze fannen. Dëser Initiative no solle bis 2050 an der EU keng schiedlech Klima-Gase méi an d'Atmosphär geblose ginn.
Däitschland an aner Staate waren dogéint, zu dësem Zäitpunkt méi éiergäizeg Zieler ze fixéieren.
Den Interview mat der Martina Holbach: