Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaschutz: Op der Trajectoire

Chamberwahlen 2018

Klimaschutz: Op der Trajectoire

Lëtzebuerg respektéiert viraussiichtlech d'Klimaschutzziler fir 2020. Strukturell Reformen a Richtung Klimaneutralitéit feelen um Enn vun dëser Legislatur awer nach, mengt d'Pia Oppel an enger Analys.

auto_stories

3 min

"Strukturell Ännerunge si bis elo keng decidéiert ginn", seet d'Pia Oppel.

"De Klimaschutz huet am Regierungsprogramm eng reell Wichtegkeet", sot déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter am Dezember 2013 an der Chamberdebatt iwwer de Regierungsprogramm.

Effektiv si vill Mesuren annoncéiert an ëmgesat ginn: Et gëtt elo de Klimabank-System, dee gënschteg Kreditter fir d'energetesch Sanéierunge vu Gebaier erméiglecht. Ee Gesetz iwwer d'Energieeffizienz gouf gestëmmt, d'Investitiounen an de Schinneverkéier si geklomm an Energiekooperative gi gefërdert.

"De Staat wäert op 100 Prozent grénge Stroum ëmswitchen", sot d'Viviane Loschetter am Dezember 2013. Och dat ass geschitt, heescht et op Nofro hin am Nohaltegkeetsministère.

Strukturell Ëmstellunge fir de Klimaaccord vu Paräis

D'Lëtzebuerger EU-Presidence huet, wéi am Regierungsprogramm annoncéiert, am Dezember 2015 eng wichteg Roll gespillt an de Verhandlunge fir den internationale Klimaaccord vu Paräis. D'Ofkommes gesäit vir, datt d'Äerderwiermung op däitlech ënner zwee Grad limitéiert soll ginn. Fir dat Zil ze erreechen, misst d'Weltwirtschaft bis d'Mëtt vum Joerhonnert quasi klimaneutral funktionéieren.

Datt dofir eng strukturell Ëmstellung néideg ass, notamment an de Beräicher Transport an Energie, war der blo-rout-grénger Koalitioun och 2013 scho bewosst. Am Regierungsprogramm heescht et: "Le Gouvernement est dès lors décidé d'ériger la transition énergétique au rang de priorité politique."

Strukturell Ännerunge sinn awer weider keng decidéiert ginn: Zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger CO2-Emissioune ginn op de Konto vum Stroosseverkéier, besonnesch vun Net-Residenten.

Kee Progrès beim Tanktourismus

Eng Etüd iwwer den Tanktourismus, deen 2012 iwwer zwou Milliarden Euro an d'Staatskeese gespullt huet, ass, wéi am Koalitiounsaccord versprach, realiséiert ginn. Mee dat war et och. 2017 ass de Verkaf vu Bensin an Diesel anescht wéi d'Jore virdrun nees geklommen.

Datt sou vill Bensin an Diesel verkaf gëtt, an do Agro-Kraaftstroffer bäigemëscht ginn, erlaabt et Lëtzebuerg op der anerer Säit d'EU-Virgab vun 11 Prozent erneierbar Energien ze erreechen.

Erneierbar Energien: Nach wäit ewech vum Zil

"Le Gouvernement entend faire du Luxembourg un pionnier en ce qui concerne l'efficacité énergétique et les énergies renouvelables dans la Grande Région," huet et am Koaltiounsaccord geheescht.

Mat fënnef Prozent selwer produzéierter erneierbarer Energie par rapport zum Gesamtenergieverbrauch ass de Grand-Duché um Enn vun dëser Legislatur nach wäit vun deem Zil fort ... an op der leschter Plaz am europäesche Verglach.

Vun der Steierreform, déi 2017 a Kraaft getrueden ass, ass kee groussen Impuls fir de Klimaschutz ze erwaarden. Zur Fro wou hir Partei sech méi hätte missen duerchsetzen, sot déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter an engem Wort-Interview am August: "Bei der Steierreform - do muss ech ee grousse Mea Culpa maachen, well ech Member an deem Gremium war. Dat war net eis Prioritéit an dat war ee Feeler."