Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Klimaschutz muss zu engem Zil gemaach ginn"

Kima- an Ëmweltschutz

"Klimaschutz muss zu engem Zil gemaach ginn"

D'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg begréisst, datt den Energieressort an der nächster Legislatur a grénger Hand soll sinn. De Klimaschutz misst awer vun der gesamter Regierung eescht geholl ginn: wichteg Ressorte wieren do och d'Landwirtschaft an d'Finanzen, déi vun der LSAP respektiv vun der DP solle veräntwert ginn.

auto_stories

2 min

Positiv wier och, datt déi blo-rout-gréng Regierung graduell aus dem Tanktourismus wéilt erausklammen. D'Ministere Xavier Bettel a Félix Braz wollte sech gëschter op Nofro hin net op eng Zäitfënster festleeën. D'ONG-Vertriederin ënnersträicht, datt ee "vläicht nach fënnef bis zéng Joer" Zäit hätt, fir wierklech eng Trendwend beim Klimawandel ze erreechen.

Et misst een och d'Mesuren deementspriechend orientéieren. "Wat mir méi séier aus dem Tanktourismus erausklammen, ëmsou besser ass dat och, wat de Problem vun der Ofhängegkeet vu Lëtzebuerg vun deene Suen ugeet." Iergendwa wier et mam Verbrennungsmotor eriwwer an da géifen och déi Suen ewechfalen.

"Ech denken, dat wier machbar"

Datt Lëtzebuerg dat neit europäescht Zil vun der Klimaneutralitéit bis 2050 ënnerstëtzt, wier positiv an och ze bewältegen, net nëmmen duerch d'Erausklammen aus dem Tanktourismus, mee och duerch Moossnamen am Transport generell, an der Landwirtschaft a bei de Gebaier, seet d'Martina Holbach. Et wier awer wichteg, datt ee sech net op d'Zil fir 2050 géif fokusséieren.

Wann ee bis dohinner géif waarden, da wier et immens schwéier, eng maximal Äerderwiermung vun 1,5 Grad ze erreechen. "Entscheedend ass, wat an deenen nächsten zéng Joer geschitt. An do muss sech Lëtzebuerg och op europäeschem Plang dofir asetzen, datt ganz konkret Ziler fir d'europäesch Unioun definéiert ginn."

Aarbecht vun ONGen huet en Impakt

Rekord-Ofholzung am Amazonas, weider Haussë vun den Zäregasen an der Atmosphär, d'USA wëllen aus dem Paräisser Klimaaccord, Brasilien huet elo och ee klimaskeptesche President: negativ Nouvellen zum Thema Klimawandel ginn et ëmmer nees. Et schéngt, wéi wann d'Ëmwelt-ONGen ee wichtege Match nom anere géife verléieren.

D'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg wëllt dës Ausso awer net stoeloossen: "D'Tatsaach, datt mir ee Paräisser Klimaaccord hunn, dat wier ouni d'Aarbecht vun den ONGen an de Klimawëssenschaftler ni zustane komm." Et hätt een eng Rei Succèse kënnen erzielen. Et wier awer esou, datt dat net séier genuch géif goen. "Do muss ee sech als ONGen iwwerleeën, wéi et elo virugeet."

A ville Länner an och virum Europäesche Geriichtshaff ginn et ëmmer méi dacks Plaintë fir d'Politik zu méi ambitiéisem Klimaschutz ze zwéngen. Ob dat awer méi effikass wéi Lobbyaarbecht ass, misst een nach gesinn, mengt d'Martina Holbach. An Holland huet virun e puer Wochen e Geriicht gesot, datt déi hollännesch Regierung net genuch géif maachen an huet d'Regierung dozou verflicht, méi ze ënnerhuele fir d'Klimaschutzziler ze erreechen, an och an der Finanzwelt géif eppes geschéien, seet d'Ëmweltschützerin.