Radioen

On air

Notturno  |  Brennan Wedl - Fake Cowboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaschutz als Staatszil?

Verfassungsrevisioun

Klimaschutz als Staatszil?

De Kampf géint de Klimawandel respektiv d'Klimaneutralitéit kéinten an déi geplangte reviséiert Verfassung ageschriwwe ginn. déi gréng, d'LSAP an d'CSV hätten eng entspriechend Propos gemaach.

auto_stories

2 min

Dat seet den neie President vun der Institutiounekommissioun an der Chamber, de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP. Et géif awer e Konsens tëschent de Parteien dozou ginn, soe Vertrieder vun de Majoritéitsparteien.

Onkloer ass allerdéngs fir den Ament nach, wéi eng Formulatioun zeréckbehale soll ginn, a wou an der Verfassung d'Dispositioun soll stoe kommen, esou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Et wier onkloer, ob et als Staatszil deklaréiert géif ginn oder ob et als speziellt Kapitel géif festgehale ginn. "Déi Diskussioune wäerten eréischt an der Kommissioun geféiert ginn."

Alles fir de Klimaschutz maachen

Virgesinn ass fir den Ament fir d'Dispositioun zum Klimaschutz an d'Kategorie "Staatsziler" anzeschreiwen. Dat geet aus enger provisorescher Lëscht vu Revisioune vun Ufank Dezember d'lescht Joer ervir.

Dat heescht, "datt de Staat sech verflicht bei deenen aneren Artikelen alles dofir ze maachen, fir déi Ziler ze erreechen", esou d'CO-Rapportrice vun der geplangter Verfassungsrevisioun Simone Beissel. D'DP-Deputéiert preziséiert awer, datt Staatsziler allerdéngs net kéinten direkt ageklot ginn.

Fest verankert

Dat geplangt Klimaschutzgesetz gesäit sengersäits jo d'Klimaneutralitéit bis 2050 vir. Wann d'Klimaneutralitéit och an der Verfassung verankert géif ginn, hätt et am Fall vun engem Geriichtsprozess zum Theema awer een Impakt, seet d'Simone Beissel:

"Et huet op d'mannst eng Valeur symbolique, datt de ganze Staat wëllt an déi dote Richtung goen. An da kënnt de legislativen Text hannendrun, dee méi prezis ass an och mat Datumer. Op Grond vun deem kënnen d'Leit dann usichen."

Et wier e "staarkt Signal" fir eng Dispositioun fir de Klimaschutz an d'Verfassung anzeschreiwen, seet dozou nach de President vun der Institutiounekommissioun, de Mars Di Bartolomeo.