Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimapolitik an den EU-Wahlprogrammer

Europawahlen 2019

Klimapolitik an den EU-Wahlprogrammer

"Mat Europa eise Planéit retten", "De Kampf géint de Klimawiessel ass eis Prioritéit", "Ekologesche Wiessel ass liewesnoutwenneg" - dat sinn e puer vun den Iwwerschrëften an den Europawahlprogrammer vun den zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg matmaachen. Wéi eng Klimapolitik proposéiere si fir Europa?

auto_stories

5 min

D'Klimapolitik ass fir dës Europawahlen net just bei déi gréng eng Prioritéit. Am DP-Wahlprogramm, zum Beispill, steet Klima ganz vir, als zweet Kapitel. Déi Liberal wëlle sech do och deem haitegen Zäitgeescht, mat de Klimaprotester vu Jonken, uschléissen.

D'DP schreift: "Et muss een hei déi jonk Leit fir hiren Engagement begléckwënschen. Et muss alles gemaach ginn, fir op hiren Appell ze reagéieren." Konkret Virschléi, wéi een déi Jonk méi an d'Gestaltung vun der Klimapolitik mat abanne kéint, mécht d'DP net.

Iwwerschneidunge bei déi Lénk an LSAP

Am Europawahlprogramm vun déi Lénk sinn eng Partie Proposen, déi een och bei déi gréng fënnt. Zum Beispill fuerderen déi Lénk an déi gréng, datt d'Subventionéierung vu fossillen Energien an der EU gestoppt gëtt.

déi Lénk goufen hirem Europawahlprogramm net just eng ekologesch, mee, wéi se schreiwen, eng "ökosozialistesch Ausriichtung". Dës Ausriichtung iwwerschneit sech zum Deel mat där vun der LSAP. Well och d'Sozialisten zéien e Lien tëschent Klimapolitik a sozialer Gerechtegkeet. Sou schreift d'LSAP: "Déi sozial, ekologesch an demokratesch Kris sinn allen dräi den Ausdrock vu feelender Gerechtegkeet. Si mussen dofir zesumme geléist ginn."

Steieren an de Wahlprogrammer

Bei déi Lénk heescht et: "Die ökologische Transitioun, um die Ziele des Pariser Klimabkommens zu erreichen, muss mit sozialer und steuerlicher Gerechtigkeit verbunden werden." Bei de Steiere fuerderen net just déi Lénk, mee och d'LSAP, Volt, déi gréng an d'CSV, spezifesch klimarelevant Steiermesuren.

D'LSAP an déi Lénk wëlle Finanztransaktioune besteiere fir déi ekologesch Transitioun mat ze finanzéieren. D'LSAP fuerdert eng Steierpolitik, déi de Facteur Pollutioun penaliséiert. déi Lénk eng europäesch CO2-Steier fir déi ëmweltschiedlechst Entreprisen, an eng gréng Verméigenssteier.

Och VOLT fuerdert eng EU-wäit Kuelestoff-Tax. déi gréng gi bei de Steiere manner wäit, verlaangen awer eng europawäit Steier um Kerosin fir Fligeren. An och d'CSV seet, si kéint sech Steieren op CO2-intensive Produiten an op Flich a Schëffer an Europa virstellen. Bei all dëse Propose gëtt net präziséiert, wéi héich d'Tauxe fir sou Klimasteiere solle sinn, a wéi vill se abrénge kéinten.

En neie Wuesstum- a Wirtschaftsmodell

Fir de Klimawiessel ze bekämpfe fuerderen déi meescht Parteien Ännerunge vum Wuesstum- a Wirtschaftsmodell. Mat groussen Ënnerscheeder, wéi fundamental oder systemesch dee Wiessel misst sinn. déi gréng schreiwen: "... dass tiefgründige Veränderungen in der Art und Weise wie wir produzieren, konsumieren, essen und reisen nötig sein werden."

D'Zil fir déi gréng ass dobäi eng Kreeslafwirtschaft. Fir dohin ze kommen, misst ee fir d'éischt nei Indicateuren entwéckele fir de Ressourcëveverbrauch präzis ze moossen an ëmzedréien, sou déi gréng.

D'CSV proposéiert hirersäits den Opbau vun enger Waasserstoff-Wirtschaft - fir d'Mobilitéit. Well Elektromobilitéit wier der CSV no net déi definitiv Léisung.

Level playing field beim Ëmweltschutz

Fir d'ADR hätt d'EU an der Klimapolitik wuel eng wichteg Roll ze spillen. Am ADR Walprogramm steet, déi nohalteg Entwécklung misst "ouni Schikane fir d'Bierger" geschéien. An d'ADR verlaangt, "datt déi aner grouss Wirtschaftsbléck, mat deenen Europa a Konkurrenz steet, déiselwecht oder ähnlech Ëmwelt- a Klimanorme respektéieren."

D'ADR fuerdert an hirer Klimapolitik also de sougenannte "Level playing field". A läit domat op engem Level mat der DP. An där hirem Wahlprogramm heescht et: "D'Begrenzung vun der Äerderwiermung op 1,5 Grad bleift eng Illusioun ... wann déi grouss Pollueur-Staaten net matmaachen."

Betriber an d'Verantwortung huelen

Fir déi Lénk missten net just Pollueur-Staaten, mee virun allem och d'Pollueur-Betriber méi mat an d'Verantwortung gezu ginn. déi Lénk fuerdere fir Betriber eng "Sorgfaltflicht", déi se obligéiert, ekologesch a sozial Krittären anzehalen.

D'LSAP fuerdert do en "Nohaltegkeetspass" fir den Accès zum EU Bannemaart fir Entreprisen ze reegelen. A wa Betriber, oder Staate sech net un sou Critèren halen, misste se kënne bestrooft ginn, sou nach déi Lénk. Si fuerderen dofir en Internationale Geriichtshaff fir Klima- an Ëmweltgerechtegkeet.

D'DP wëllt bei der Wirtschaft virun allem d'Finanzplaz méi op sougenannte "gréng Finanzen" ëmstellen.

Transparenz an Zouverlässegkeet

Och d'Piratepartei fuerdert méi Transparenz an Zouverlässegkeet - net bei grénge Finanzproduiten - mee bei all ëmweltpoliteschen Decisiounen. Fakten an Daten, an e wëssenschaftlechen Usaz misst, de Piraten no, bei esou Decisiounen obligatoresch ginn: "Die Gesellschaft hat das Recht auf einfachen, zeitnahen und zuverlässigen Zugang zu Umweltdaten und den daraus resultierenden Entscheidungen."

Och am Manifest vun der kommunistescher Partei gëtt d'Klimapolitik kuerz ugeschwat. Der KPL no wier d'EU awer net an der Lag fir wierksam Mesurë beim Klima- an Ëmweltschutz ze huelen. Well dat den Interesse vun de Banken a Konzerner géif widderspriechen, déi mat der Ausnotzung vun der Natur riseg Profitter géife kasséieren.

Déi Konservativ hunn nach keen explizitte Wahlprogramm fir d'Europawahlen, verweisen awer op de Wahlprogramm vun de Chamberwahlen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.