Radioen

On air

Resonanzen  |  Tommaso Traetta - Bella armonia vieni, aus 'Le Feste d'Imeneo' (Oper) - Nuria Rial (Sopr.), Artemandoline, Juan Carlos Muñoz (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimabündnis: d'Regierung muss eng Schëpp bäileeën

Weltklimarapport

Klimabündnis: d'Regierung muss eng Schëpp bäileeën

Och Lëtzebuerg wier gefuerdert a Saache Klimaschutz méi ze maachen, wéi bis elo geplangt. Zousätzlech Efforten - weltwäit, mee och hei am Land - wieren déi eenzeg richteg Äntwert op den neiste Rapport vum Weltklimarot (IPCC), deen e Méindeg virgestallt ginn ass, seet de Paul Polfer vum Klimabündnis Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

De Resumé lauschterenplay_arrow


D'Zäitfënster, fir d'Klimakatastroph verhënnert ze kréien, wier nach méi kuerz ginn, seet de Paul Polfer. Dat hätt souguer hien erféiert, deen no un der Klimadiskussioun drun ass.

"Mir hunn nach eemol zéng, eelef Joer. A wa mer et bis dohin net packen, dann ass et gelaf."

Anerefalls géif een deene Jonken d'Zukunft vermasselen, seet de Vertrieder vum Klimabündnis.

"Dat muss Konsens sinn"

Dofir misst elo séier reagéiert ginn, ouni Zäit ze verléieren. Et sollt een zum Beispill déi sektoriell Emissiounsziler, déi virun e puer Woche virgestallt gi sinn, nach eemol eropschrauwen an drop halen, datt se méi séier realiséiert ginn, wéi dat bis elo virgesinn ass.

De Paul Polfer verweist op de Rapport vum Weltklimarot: wann d'Hausse vun der globaler Duerchschnëttstemperatur op annerhallwe Grad soll limitéiert bleiwen, misst d'Welt schonn 2040, an net eréischt 2050, klimaneutral sinn.

Et kéint een driwwer streiden, wat d'Weeër vun der Transitioun sinn, mee fir de Paul Polfer ass kloer, datt dës Transitioun elo misst ufänken. Et misst Konsens an der Ëffentlechkeet, mee am Idealfall och an der Politik sinn, datt dës Transitioun an engem extrem séiere Rhythmus misst duerchgezu ginn.

Tanktourismus an der Kritik

Fir de Paul Polfer ass kloer, datt et net just op d'Regierung dierft ukommen: all Parteien, zumindest déi, déi un d'Wëssenschaft gleewen, misste soen: "Komm, mir maachen dee kollektiven Hoff."

Dozou gehéiert fir de Vertrieder vum Klimabündnis och en d'Enn vun den niddrege Spritpräisser. Et wier falsch ze behaapten, datt d'Leit soss déi selwecht Quantitéiten eben enzwousch anescht géifen tanken. Lëtzebuerg géif de Präis vum Bensinn an Diesel kënschtlech niddreg halen a wier doduerch eng Brems fir d'Ëmdenken an d'Ëmsteieren.

"Mir hunn d'Flicht virun eiser Dier ze kieren, an dat mat engem vill méi grousse Biesem wéi bis elo."

Net op Klimaskeptiker waarden

De Paul Polfer bedauert, datt et nach ëmmer Leit ginn, déi net un de mënschegemaachte Klimawandel gleewen oder d'Phenomen un zweiwelen. Déi Leit wéilten et net verstoen, well se sech an hirem Confort net wéilten änneren.

"Déi wäerte mer net iwwerzeegt kréien, fir et mol klipp a kloer ze soen. Ech hunn et opginn de Robert Goebbels wëllen ze iwwerzeegen, datt et e mënschegemaachte Klimawandel gëtt. Ech hunn awer keng Loscht méi op Leit wéi de Robert Goebbels ze waarden, datt déi eng Asiicht hunn, déi wäerte se net hunn."

An de 70er Jore wier d'Gurt-Flicht agefouert ginn, a vill Leit hätte sech deemools och beschwéiert. Haut géif een awer feststellen, datt de Gurt zéngdausende vu Leit d'Liewe gerett hätt.