A ronn dräi Woche fréistens kéinten déi éischt vun de ronn 1.300 Kinéen hei am Land op fräiwëlleger Basis agesat gi fir Impfungen ze maachen, esou de President vun der ALK, de Patrick Obertin. Kinéë kënne sech da melle fir entweder ganz oder hallefdaags an engem Impfzenter ze schaffen. D'Kinéë géifen da genee wéi d'Infirmieren eng Formatioun ugebuede kréien, fir e Vaccin ze maachen.
Eng Attributioun temporelle erlaabt et de Kinéë fir eng limitéiert Zäit esou Sprëtzen an dem Impfzentren ze maachen, erkläert de Patrick Obertin. D'Responsabilitéite géifen awer net bei de Kinéë leien. Als éischt géif de Patient am Impfzenter en Dokter gesinn, deen da "gréng Luucht gëtt". Eréischt da kéint e Kiné dee Vaccin preparéieren a maachen, deen e vum Dokter gesot kritt.
115 Euro pro Stonn soll e Kiné kréie fir am Impfzenter auszehëllefen. Haut nach soll mam Rekrutement ugefaange ginn, esou de Patrick Obertin