De Julian Presber seet, et wier eng schlecht Atmosphär bannent der Protestantescher Kierch. D'Leit géifen de Féierungsstil vum Chef vun der Kierch, dem Volker Strauss kritiséieren. "Dat huet een haut bei der Generalversammlung gemierkt, d'Stëmmung war aggressiv", kritiséiert de fréiere President vum Konsistorium an ee vun de Kritiker vun der aktueller Kircheféierung.
Kritik géint d'Kiercheféirung
Eng Majoritéit hat e Freideg géint déi nei Statute gestëmmt, déi vum Konsistorium proposéiert goufen. Den aktuelle Statuten no muss de ganze Kiercherot demissionéieren. An den nächste Méint soll et zu neie Wahle kommen.
De Julian Presber setzt op Dialog. "Mir brauchen eng Diskussioun doriwwer, wéi den aktuelle Paschtouer Volker Strauss d'Kierch verwalt." Nëmmen esou kéinten d'Memberen nees Vertrauen an d'Kierch kréien an nëmmen esou kann nei gewielt ginn."
Keen Dialog méi
Et géif keen Dialog méi tëschent der protestantescher Kierch an deenen anere Communautéite ginn, esou de Julian Prosber, "Viru siwe Joer hate mir robust Relatiounen zu anere Kierchegemeinschaften, elo leeft näischt méi." De Volker Strauss géif als Chef vun der Protestantescher Kierch eng grouss Responsabilitéit fir dësen Dialog droen.