Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kierchenaustrëtter an Däitschland

Kathoulesch Kierch

Kierchenaustrëtter an Däitschland

Nodeems weider Mëssbrauchsfäll an der däitscher kathoulescher Kierch ëffentlech gi sinn, triede verstäerkt Leit aus der Kierch aus. Besonnesch am äerzkathoulesche Bayern klammen d'Zuele staark - och, well de fréiere Poopst direkt beschëllegt gëtt. Aner Beispiller géifen awer beweisen, datt déi däitsch Kierch sech vehement géint Reforme wiert.

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg gëtt et den Ausdrock: "Méi kathoulesch wéi de Poopst". Dee selwechte Sproch gëtt et och am däitsche Bundesland Bayern. Wärend bal engem Joerzéngt, vun 2005 un, krut den Ausdrock am däitsche Süden dunn nach eng weider Dimensioun - wéi de Poopst nämlech selwer Bayer war.

Genau dee Poopst, de Benoît XVI, steet elo am Zentrum vum nächste Skandal bei der däitscher kathoulescher Kierch. Wéi Enn Januar an engem Rapport zu sexuellem Mëssbrauch ëffentlech gouf, ginn am Münchener Bistum elo 42 Fäll ënnersicht, an deenen sech Kierchemataarbechter "falsch" verhal hunn.

Iwwer Joerzéngte wieren deemno Fäll vu sexuellem Mëssbrauch net adequat behandelt ginn. Am Fokus steet nieft dem Joseph Ratzinger och den aktuelle Münchener Bëschof Rheinhard Marx a säi Virgänger, den haitege Kardinol Friedrich Wetter.

Formaalt Feelverhalen, heescht de Virworf géint déi dräi Bëscheef. Konkret heescht dat: Si solle vu Saache gewosst, mee net gehandelt hunn. Insgesamt schwätzt de Rapport vu bal 500 Affer an 235 Täter op Säite vun der Kierch.

Austrëtter als Reaktioun op Mëssbrauchsreporten

Et ass just dee jéngste Mëssbrauchsrapport, an de leschte Jore goufen et der ëmmer nees. Ob zu München oder zu Köln, d'Reaktioun war a ville Fäll déi selwecht: Kuerz no der Verëffentlechung sinn d'Zuele vun Austrëtter aus der Kierch geklommen.

Esou dann och dës Kéier. Eleng an der Stad München hunn an den dräi Deeg no der Publikatioun vum neiste Rapport 450 Leit e Rendezvous bei der Stad gemaach, fir auszetrieden.

Wéi d'Süddeutsche Zeitung mellt, wieren déi aktuell Austrëttszuelen duebel esou héich wéi soss. Dat dierft och domat ze dinn hunn, datt mat Ratzinger, Marx a Wetter dräi vun de prominentste Kleriker vum Land betraff sinn.

Besonnesch d'Roll vum Joseph Ratzinger, dem spéidere Poopst Benoît, sollt net ënnerschat ginn. A villen Deeler vum ländlechen, nach méi reliéise Bayern ass den emeritéierte Poopst immens beléift, genéisst Support bis zur Veréierung.

Kathoulesch Kierch deet sech schwéier

Datt et awer iergendeng Konsequenz fir déi nach aktiv Kleriker sollt ginn, ass oppen. Wéi schwéier sech d'kathoulesch Kierch domat deet, wéist de Fall vum Kölner Bëschof Rainer Woelki. Nodeems a sengem Bistum zwee Rapporte kloert Feelverhale festgestallt haten, gouf hie bis Mäerz 2022 an eng geeschtlech Auszäit geschéckt - e Récktrëtt huet de Rainer Woelki ausgeschloss.

D'Argumentatioun vu de Kleriker ass déi: Si wëlle keng Verantwortung iwwerhuelen, well dat "ze einfach wier". Si wëllen op hire Poste bleiwen an un der Reform matschaffen.

D'Kierchememberen halen dat fir de falsche Wee. Dat weisen si mat hiren Austrëtter.