Et war awer nei Beweegung an d'Diskussioun komm, nodeems de Wëssenschaftsmagazin The Lancet Ufanks vum Mounts Tëscheresultater vu klineschen Etüde publizéiert huet, déi de russesche Vaccin als sécher an effizient aschätzen.
Wann Impfstoffer feelen, firwat also net och op de "Sputnik"-Vaccin setzen? Ungarn ass als eenzegt EU-Memberland schonn op de Wee gaangen.
Fir Lëtzebuerg kéim eng unilateral Approche schonn aus praktesche Grënn net a Fro, seet dozou den Direkter vun der Santé. Lëtzebuerg hätt déi Kompetenz net, fir eng Evaluatioun vum Impfstoff ze maachen. "Mir si wierklech op europäesch Instanzen ugewisen an ech géif do och keen Elenggang vu Lëtzebuerg gesinn", esou den Dr. Jean-Claude Schmit.
Eng "méi komplex" Autorisatiounsprozedur
Wann eng europäesch Zouloossungsprozedur bis lancéiert géif ginn, wier se an dësem Fall méi komplex wéi bei den aneren Impfungen, déi schonn zougelooss sinn, seet de Jean-Claude Schmit. D'Produktiounssitte géifen ausserhalb vun der Europäescher Unioun leien.
"Dat heescht, do wier d'Prozedur dann och, datt d'EMA misst op der Plaz Kontrolle maachen." Dat wier "e bësse méi komplex" wéi eng normal Autorisatiounsprozedur an der EU selwer, mee et "wier awer duerchaus eng Optioun", seet den Direkter vun der Santé.
A wa bis eng Zouloossung do wier, da géif Lëtzebuerg warscheinlech nees op den europäeschen Akafprogramm setzen, et wier ee ganz zefridde mat deem Prozess. Als klengt Land hätt ee "keng Chance" gehat fir Impfstoffer ze kréien. "An der Europäescher Unioun si mer sécher méi staark."
Ee geopoliteschen Enjeu
De russesche Covid-Vaccin ass weltwäit bis ewell an 29 Länner zougelooss. Seng méiglech Zouloossung an der EU gëllt mëttlerweil als gréissere geopoliteschen Enjeu. Russland reprochéiert der EU an anere westleche Länner, datt si aus politesche Grënn net op Sputnik V wëllen ze setzen.
Ëmgedréit kritt Russland reprochéiert, d'Entwécklung vum Vaccin wier net transparent ofgelaf an de Vaccin kéint politesch ausgenotzt ginn.