Patronatsorganisatioun UEL "Kënnen net méi erauszéien, wéi mir abezuelen"

Fir d'Staatsfinanzen am Grëff ze halen, misst déi nächst Regierung strukturell Ännerunge virhuelen, fuerdert de Generalsekretär vun der Patronatsorganisatioun UEL. Dem Jean-Paul Olinger no missten d'Pensiounen an d'Sécurité sociale reforméiert ginn.

Mick Entringer / cbi

Jean-Paul-ORIGER
De Generalsekretär vun der UEL, de Jean-Paul Origer.

Et kéint een net méi aus der Sozialversécherung erauszéien, wéi een abezilt. "An deementspriechend musse mir entweder laangfristeg méi laang schaffe goen, oder mir mussen d'Cotisatiounen eropbréngen, oder mir mussen dat, wat mir erauszéien, erofsetzen."

Eng héich Konjunktur

Weider seet de Jean-Paul Olinger, et misst een ophalen "mat der Strenz ze fueren". Et hätt ee bei den ëffentleche Finanzen eng héich Konjunktur, an et hätt een dofir genuch Suen, fir villes ze bezuelen.

"Mir konsuméieren enorm vill, mir hu Pensiounen déi héich sinn, mir hu Salairen, déi héich sinn, iwwerall gi momentan Carrièren adaptéiert. Gehälter ginn an d'Luucht. Wéi mam Accord vun de Salariéë vun der CGFP, si verschidde Mesuren [80-80-90 Regelung] déi gutt waren, réckgängeg gemaach ginn. Mir sollten awer iwwerleeën, ob mir net sollten an d'Zukunft investéieren, ob mir net deen intergenerationelle Fong, dee mir hunn, däitlech sollte steigeren, esou wéi aner Länner als Virbild, wéi Norwegen, dat och maachen."

D'Regierung géif de Wieler aktuell vill Kaddoe maachen. An d'Wieler selwer géife kuerzfristeg denken. Dofir bräicht et e breeden Debat an der Gesellschaft, wéi een an Zukunft zesummelieft, esou de Generalsekretär vun der UEL.

De 15. Juli iwwerhëlt de Jean-Paul Olinger d'Direktioun vum Daachverband vun de Patronatsorganisatiounen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Tom Wirion
Chamberwahlen 2018

Den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion lueft d'Regierung fir den Tram a fir d'Steierreform. An der Landesplanung wier een awer net weiderkomm. Weider ass hie géint eng Hausse vum Mindestloun.

Taina Bofferding
Chamberwahlen 2018

D'LSAP wäert d'Fuerderung vun enger Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun net iwwerhuelen. Dat geet ervir aus dem Gespréich mat der Taina Bofferding. D'Kannergeld misst indexéiert an och besteiert ginn.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen