Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënne Steiere Gerechtegkeet schafen?

Fräie Mikro

Kënne Steiere Gerechtegkeet schafen?

Et gëtt, spéitstens zanter dem CSV-President senger Sortie, quasi e Konsens zur Ausso, grad no Covid-19 wier eng Steiergerechtegkeets-Debatt wichteg. Ob dat esou ass, freet sech am Fräie Mikro de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

3 min

De Mënsch huet eng reng Antenn fir Ongerechtegkeeten. Et ass en zimmlecht subjektiivt Gefill, mee wann et kollektiv gëtt, huet et eng grouss politesch Sprengkraaft. Dofir ass den abstrakte Ruff no Gerechtegkeet aus der politescher Debatt net ewech ze denken. Grad well dat Wuert Gerechtegkeet e Kautschuk ass, deen ee kann zéien an dréien, ass et e Liblingstheema vun all deenen, déi wëllen e Publikum op hir Säit zéien ouni vill Konkretes ze verspriechen.

Zu Lëtzebuerg ass d'Ongerechtegkeetsgefill an der Mëttelklass ukomm, well eisen demografesche Wuesstum net begleet gouf vun enger effikasser Wunnengsbaupolitik. Elo ass Wunnraum rar, also deier, an doru sinn eis véier gréisser Parteie Schold. Mee dat wëlle si sech net umierke loossen. Dofir kommen déi Wieder "Spekulatioun" a "Gerechtegkeet" an all Interview ënner.

Esou komme mir zur Steiergerechtegkeet. Dobäi geet et drëm de Wieler ze zielen, mir géife mëttelfristeg d'Steierlaascht erhéije fir d'Covid-Lächer am Budget ze stoppen, mee si selwer wieren net dovu betraff. Mir hätten do een, ee mat de breede Schëlleren, am léifsten nach en Immobilie-Spekulant, an dee géif dat bezuelen, an dat wier nëmme gerecht esou.

Déi sozial Komponent ass zweetrangeg bei der Einnamepolitik vun all Staat

D'Instrumenter fir déi breet Schëllere kleng ze kréie wieren Ierfschafts- a Verméigenssteier. Do fäerten natierlech all déi Leit, déi e puer Su als Apel fir den Duuscht oder fir hir Kanner gespuert hunn, de Staat géif hinnen déi huelen. Schliisslech kréie si op hire Bankkonte schonn zanter zéng Joer keng Zënse méi - dat ass och eng kolossal Verméigenssteier, well d'Inflatioun jo net null war, an d'Staate sech massiv doriwwer finanzéieren.

Also kréie si gesot, et géife Fräibeträg ginn, an Immobilien, déi si fir sech an hir Kanner gebaut hunn, wieren net betraff. Ausserdeem géif de Generatiounswiessel an de Betriber net besteiert ginn. De Problem ass, datt der dann net vill iwwreg bleiwen, an déi wäerten dofir suergen, datt hir Fortune do net drënner fält. Bref, et kéim net nëmme quasi näischt eran, mee et géifen eis och nach besteeënd Einname verluer goen.

Och wann dat vläicht net gefält: Déi sozial Komponent ass wichteg, awer zweetrangeg bei der Einnamepolitik vun all Staat. Hie muss seng Einnamen optimiséieren, dat heescht, d'Geld do huelen, wou et net fort leeft, a wou es ënner dem Stréch am meeschten an d'Kees kënnt. An dat heescht kengeswees, datt déi Räich ongeschuer bleiwen.

Et ass bei sengen Ausgaben, wou de Staat muss sozial denken

Grad hei am Land bezuelen nëmme wierklech räich Leit méi u Steieren, wéi si aus dem Staat erauszéien. Quasi jiddweree vun eis kritt vum Staat massiv méi Géigewäert a Stroossen, Crèchen, Sécherheet oder soss staatlech Déngschter, wéi hien a Geldwäert bäileet. Dat Wonner gëtt finanzéiert vun der Finanzplaz a vum permanente Wuesstum vun der Main d'œuvre.

Et ass bei sengen Ausgaben, wou de Staat muss sozial denken. Eise Lëtzebuerger Budget ass ee vun deene redistributiivsten an der Welt: 47 Prozent vun den Einname ginn an d'Sozialausgaben. Mee well Politiker d'Tendenz hunn hir Ausgaben no Wielerschaft an net no soziale Prioritéiten ze verdeelen, gëtt och eise Staat dat meeschte Geld mat der Strenz aus. Esou waren z. B. déi rezent Covid-Hëllefe ganz sozial, mee alles anescht wéi gerecht.

Wie Gerechtegkeet sicht, huet bei den Ausgaben eng riseg Aufgab a vill finanzielle Sputt. Allerdéngs wier do politesche Courage verlaangt, an dofir leeschte mir eis léiwer eng steril Steiergerechtegkeets-Debatt, déi weder wäert Geld an d'Kees spullen, nach d'Wunnengsnout oder d'Ongerechtegkeetsgefill schmähleren.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.