EUROPA-INTERVIEW "Keng Verflichtung, fir Upload-Filter ze benotzen"
An Zukunft mussen Facebook, YouTube oder Google séier handelen: een neit EU-Reglement schreift vir, datt terroristesch Propaganda am Internet muss bannent enger Stonn geläscht ginn. Duerch déi nei Reegel besteet och d'Gefor vu verstoppter Zensur, d'Parlament hätt sech hei fir Ännerungen agesat, seet d'Petra Kammerevert, EU-Parlamentarier (SPD).
D'EU-Institutioune ware sech kuerz vru Chrëschtdag iwwer déi nei Reegelen eens ginn. Et war jorelaang doriwwer diskutéiert ginn. Ënner anerem nodeems terroristesch Attacken, wéi déi 2019 an enger Moschee zu Christchurch an Neiséiland, live am Internet iwwerdroe goufen.
Et ass machbar, datt terroristesch Contenue bannent enger Stonn vum Netz geholl ginn, seet d'Petra Kammerevert. Déi däitsch Europadeputéiert vun der SPD weist awer drop hin, datt dat virun allem fir déi grouss Entreprisë gëllt. Kleng Plattformen kéinte manner séier reagéieren, bräichten dowéinst och méi Zäit. Et wieren deementspriechend Ausnamen virgesinn.
Parlament huet nogebessert
D'Gefor, datt duerch dës nei Reegel och sou genannten "Upload-Filter" an den Asaz kommen, war grouss, well am ursprénglechen Text vun "proaktive Mesuren" a vun "automatiséierte Prozeduren" geschwat gouf. Dat wieren am Zweiwelsfall Upload-Filter. D'Europaparlament hätt sech hei dofir agesat, datt déi Formuléierungen aus dem Text verschwannen
"Das konnten wir aus dem Text herausverhandeln. Es gibt jetzt keine Verpflichtung zur Nutzung von Uploadfiltern. Es wird auch nicht mehr von proaktiven Maßnahmen gesprochen. Hier hat sich das Parlament durchgesetzt."
D'Parlament hätt och erreecht, datt journalistesch, kënschtleresch a satiresch Inhalter vum Reglement erausgehale ginn. Trotzdeem huet de Staat d'Recht ouni Grond ze iwwerpréiwen, ob verschidde Publikatiounen am Netz effektiv dorënner falen oder just ee Pretext sinn, fir terroristeschen Contenu ze verbreeden.
Agrëff a Grondrechter
"Domat gräift dëst Reglement duerchaus substantiell an d'Kommunikatiouns-Grondrechter an", seet d'Petra Kammerevert.
"Wir werden im Zuge der Umsetzung der Verordnung sehr genau darauf achten, dass hier nicht Zensur stattfindet, sondern dass es tatsächlich nur darum geht, terroristische Inhalte so schnell wie möglich aus dem Netz zu löschen."
Et wäert an Zukunft och méiglech sinn, datt grenziwwergräifend kann d'Läsche vun Internetsäiten an d'Weeër geleet ginn. Hei hätt d'Parlament dofir gesuergt, datt d'Provider d'Recht kréien, um Rechtswee ze widderspriechen. Och national Autoritéite kéinte sech géint esou Mesurë wieren.
Am Zweiwelsfall misst d'Parlament d'Europäesch Kommissioun opfuerderen eng Prozedur wéinst Verstouss géint d'Reegelen ze lancéieren oder awer virun den Europäesche Geriichtshaff.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.