Radioen

On air

De Weekend  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen"

De CHL-Gereraldirekter iwwer Coronavirus

"Keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen"

Ob de Romain Nati Angscht huet sech ze infizéieren, freet den 100,7-Journalist Maurice Molitor de Generaldirekter vum Spidol CHL (op der Areler Strooss). D'Äntwert vum Romain Nati: Dat ass keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen. Dofir war eisen Invité vum Dag vu bausse live zougeschalt, an hien huet sech net an de Studio deplacéiert.



auto_stories

3 min

"Mir sinn am Krich, mee mir wäerten de Krich géint de Virus gewannen", seet de Generaldirekter vum CHL, den Dokter Romain Nati. Onkloer wier just, wéi vill Schued de Virus bis dohin ugeriicht hätt.

Fir den Dokter Nati ass kloer: Wat d'Preventiounsmesure besser duerchgesat a respektéiert ginn, wat de Präis, dee mer musse bezuelen, manner héich gëtt. Dofir misst dëse Saz gëllen: "Mir sinn net méi beim 'Du solls doheem bleiwen', mir si beim 'Du muss doheem bleiwen'", sou de Generaldirekter vum Centre Hospitalier.

Eng Persoun wier den Ament wéinst der Covid-19-Krankheet op der Intensivstatioun, 11 (déi hospitaliséiert waren) wieren nees doheem, esou de Romain Nati.

Et wéisst kee sou richteg, wat kënnt, esou de Romain Nati. Et wéilt een d'Infektiounswell elo an der Längt strecken. Wann d'Preventiounsmesuren duerchgesat ginn, kéint dat geléngen, mee da misst drop gehale ginn, datt sech dru gehale gëtt.

D'Personal am CHL ass prett

Nach ass et roueg am CHL, méi roueg souguer wéi gewéinlech. Dat hänkt dorun, datt vill geplangt Interventiounen ofgesot gi sinn, fir Capacitéite fräi ze hunn, am Fall wou matenee vill Corona-Patiente missten hospitaliséiert ginn.

Säi Spidol wier op jiddwer Fall prett, sot de Generaldirekter vum Centre Hospitalier. Beim Personal géif hien och eng grouss Bereetschaft spieren, sech där grousser Erausfuerderung ze stellen. Et wier ee confiant, datt een de Virus meeschter gëtt, esou de Romain Nati am 100,7-Interview. Et géif beim Personal eng "Kampfbereetschaft" ginn. "D'Leit si prett fir dat, dat kënnt."

De Centre Hospitalier huet 50 Beootmungsgeräter, 24 dovu si fir Corona-Patienten. De Romain Nati seet, am CHL hätt een Tendenz fréi ze intubéiere fir d'Schied un der Long kleng ze halen. Déi Geräter géife bei engem Patient 2-3 Woche lafen. Den CHL wéilt op 80 esou Geräter eropfueren, de Ministère hätt zougesot.

Ass och bei Iech am Haus geklaut ginn, freet de Maurice Molitor de Romain Nati: "Net am grousse Stil, mee et ass effektiv geklaut ginn." Den Desinfektiouns-Gel op de Stäck wier méi séier eidel oder fort gewiescht, wéi een en opgehaangen hätt.

Verhältnisméisseg Mesuren huelen

"Mir alleguer - mir, déi keng Experte sinn - hunn de Coronavirus ugangs ënnerschat." Dat sot d'EU-Kommissiounspresidentin an engem Interview. Dat kléngt scho bal no engem "mea culpa". Den Dokter Romain Nati, de Generaldirekter vum CHL, fënnt awer, datt d'Ursula von der Leyen do méi streng mat der Politik ass wéi dat misst sinn. Et dierft een net vergiessen, datt een an enger exzeptioneller Situatioun wier, mat engem Virus, dee virdru kee Mënsch kannt hätt. Et wier ee sech iwwer d'Ustiechung- a Propagatiounspotential net am Virfeld bewosst gewiescht.

"Wann ee Moossnamen hellt, da muss een och ëmmer oppassen, datt se proportional sinn. Déi Moossnamen, déi elo geholl ginn, déi hu jo immens Konsequenzen: Si hu Konsequenzen op déi individuell Fräiheet, Beweegungsfräiheet, si hu Konsequenze wirtschaftlecher Natur, si hu Konsequenzen op eis budgetär Ressource fir déi nächst Zäit. An do kann een net liichtfankeg Decisiounen huelen, déi all déi Konsequenzen do hunn."

Et misst een Dag fir Dag kucken, an dat hätt Lëtzebuerg am Gläichschratt mat anere Länner gemaach, seet de Romain Nati. "Ech erkennen elo do net, datt do muttwëlleg Saache verschlof gi wieren."