arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Restriktioune méi fir geimpfte Persounen?

Däitschland

|
reading time

3 min

Keng Restriktioune méi fir geimpfte Persounen?

Dierfe Leit, déi géint Covid-19 geimpft sinn, nees an d'Normalitéit zeréckfannen, wärend fir déi aner Restriktioune gëllen? An Däitschland suergt dës Fro fir vill Diskussiounen tëschent de Regierungsparteien.

reading time

3 min

Et fänkt scho bei der Terminologie un: Sonderrechte, Impfprivilegien oder Grundrechte?

Fir wéi ee Wuert ee sech entscheet, verréit och, wou een an der Fro steet, ob et geimpfte Léit soll erméiglecht ginn, nees een Alldag ouni Restriktiounen ze genéissen.

Dës Fro gëtt an Däitschland ëmmer méi zum Politikum: tëschent de Regierungsparteie CDU/CSU a SPD gëtt et ganz ënnerschiddlech Argumentatiounen.

"Aschränkung vu Fräiheete muss rechtfäerdegt ginn"

D'Bundesjustizministerin Christine Lambrecht seet haut an engem Interview mam "Redaktionsnetzwerk Deutschland", et géif net ëm Privileegie goen, mee dorëm Aschränkunge vu Grondrechter ze evitéieren.

Net d'Ausübung vun dëse Fräiheete misst gerechtfäerdegt ginn, mee d'Aschränkung duerch de Staat, esou d'SPD-Politikerin. E Retour an d'Normalitéit wier nëmmen da méiglech, wa wëssenschaftlech beluecht ass, datt eng Impfung géint de Coronavirus och aner Mënsche virun enger Infektioun schützt.

Och hire Parteikolleeg, den Ausseminister Heiko Maas, hat leschte Weekend an der "Bild am Sonntag" gefuerdert, datt een d'Grondrechter vu geimpfte Persounen net méi aschränkt, wa kloer ass, datt si net méi ustiechend sinn.

Och d'Bedreiwer vu Restauranten, Caféen, Theateren hätten e Recht hire Betrib nees opzemaachen, wann et d'Méiglechkeet gëtt, an dës géif sech elo duerch d'Impfunge bidden.

D'Ongläichheeten, déi sech heiraus géifen erginn, hätten e legitimme Grond a wieren dowéinst och verfassungsrechtlech gerechtfäerdegt.

Verspillen "Sonderrechte" d'Solidaritéit?

Bei dem Regierungspartner CDU/CSU gesäit een dat awer anescht. Den Gesondheetsminister Jens Spahn an den Inneminister Horst Seehofer hunn ëmmer nees virun enger Spaltung vun der Gesellschaft duerch "Sonderrechte" fir vaccinéiert Persoune gewarnt. Hei géif een um Enn d'Solidaritéit verspillen an och indirekt eng Impfflicht aféieren.

Och d'Bundeskanzlerin Merkel sot gëschter, dës Fro géif sech guer net stellen, soulaang een net wéisst, ob eng Impfung och eng Infizéierung vun aneren ausschléisst.

Ass eng geimpfte Persoun weider ustiechend?

Éischt Äntwerten op dës Fro solle laut dem RKI fréistens an den nächste Méint kommen. Momentan kéint een nach keng definitiv Resultater virleeën, déi eng Ustiechungsgefor no enger Impfung ausschléissen.

Mee wat, wann dës Sécherheet deemnächst virläit? Och wann een de Geimpften nees hier Grondrechter zeréckgëtt, stelle sech eng Rëtsch Froen.

Juristesch wier et da schwéier fir de Staat eng Maskeflicht oder Ofstandsmesurë fir vaccinéiert Persounen oprecht ze erhalen. Wéi dat dann awer an der Praxis géif ausgesinn a wéi d'Autoritéiten hei tëschent geimpften an net-geimpfte Persoune géingen ënnerscheeden, bléift onkloer.

D'Diskussioun einfach ze ënnerbannen, wei et d'Unioun probéiert, wäert dës Froen net verschwannen doen. Vill méi schaaft et weider Onsécherheet an enger Zäit, déi vun dëser gekennzeechent ass.