Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Regierungsamendementer bei der RMG-Reform

Garantéiert Mindestakommes

Keng Regierungsamendementer bei der RMG-Reform

D'Regierung huet net wëlles Amendementer um Gesetzprojet fir d'RMG-Reform ze maachen, seet d'Familjeministerin Corinne Cahen am 100,7-Interview. D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding hat kritiséiert, datt vereenzelt Stéit mam geplangten neie REVIS-System bis zu 50 Euro manner am Mount erauskréichen.

auto_stories

2 min

Corinne Cahen (Foto: Archiv)

Trotz ville Verbesserunge wier bei der Reform vum RMG net garantéiert, datt mam geplangten neie System keen eppes verléiert. Dat hat d'Taina Bofferding rezent kritiséiert. Mam System vum "Revenu d'inclusion sociale" - kuerz REVIS - géife vereenzelt Stéit bis zu 50 Euro manner am Mount erauskréien. D'LSAP-Deputéiert hat vu "considérable Schéinheetsfeeler" bei der RMG-Reform geschwat a si hat Nobesserunge gefuerdert beim Reform-Projet fir dat garantéiert Mindestakommes.

LSAP-Fraktioun huet de Projet virgestallt kritt

Vu Regierungssäit hätt een net wëlles eppes um Text ze änneren, seet d'Familljeministerin Corinne Cahen. "Dat Gesetz ass vum Regierungsrot guttgeheescht ginn. Do ass d'LSAP jo och dobäi." Si hätt de Projet och an der LSAP-Fraktioun presentéiert, a Präsenz vum Taina Bofferding. D'Gesetz kéim vum Familljeministère, et wier awer zesumme mam Aarbechtsministère a mat der ADEM ausgeschafft ginn.

D'Konzept fir d'Reform vum garantéierte Mindestakommes war Mëtt Januar presentéiert ginn an de Projet fir d'Reform vum Gesetz vun 1999 war Enn Januar deposéiert ginn. Et géif een elo nach op den Avis vum Staatsrot waarden, seet d'Corinne Cahen.

D'Ministerin verdeedegt hire Reform-Projet als "ganz gudden a ganz equilibréierten" Text. Bei deenen eenzelne méi klenge Punkte misst dann d'Chamber hir Aarbecht maachen, esou d'Corinne Cahen. Wéi bei all anerem Gesetz wier et méiglech, datt d'Chamber mat deem engen oder aneren Amandement géif kommen. "Dat ass natierlech am demokratesche Prozess absolut normal." Den Text géif Jidderee concernéieren, sou d'Corinne Cahen.

"D'Leit kënne selwer decidéieren"

D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding hat déi virlescht Woch um radio 100,7 gesot, datt hir Partei sech als Zil fir d'RMG-Reform gesat hätt, datt keen eppes soll verléieren. Dowéinst missten Nobesserunge gemaach ginn.

"D'Madame Bofferding hat den Text nach net gelies, wat jo och normal ass", seet d'Corinne Cahen. E wier jo elo eréischt deposéiert ginn. "Et ass esou, datt mir natierlech vun Ufank u virgesinn hunn, datt à situation inchangée näischt wäert änneren." D'Leit kéinte selwer decidéieren ob se am alen RMG-System bleiwen oder ob si an deen neie System vum Revenu d'inclusion sociale wéilte goen.

Dat garantéiert Mindesakommes kréien de Moment bal 20.000 Leit. Een zentraalt Element vun der Reform ass et fir finanziell Ureizer ze schafen, fir datt zousätzlech Aarbecht sech fir d'Beneficiairë soll lounen.


De Bäitrag vum Serge Kesseler vum 7. Mäerz 2017

Corinne Cahenplay_arrow