Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng nei Verfassung a kee grousse Verfassungsreferendum

Just eng punktuell Reform vun der Verfassung

Keng nei Verfassung a kee grousse Verfassungsreferendum

Fir den Text vum Grondgesetz ze moderniséieren, sollen an den nächsten zwee Joer, a verschiddenen Etappen, nëmmen nach d'Haaptiddie vun der geplangter grousser Reform decidéiert ginn. Dobäi géif et ëm 30 wichteg Punkte goen, déi d'Verfassung punktuell sollen ofänneren, seet de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / perhapzz

Et soll also eng substantiell Revisioun vum Grondgesetz ginn, mee et wäert keng ganz nei Verfassung ginn: Dat war een Dënschdeg an der Chamber ugekënnegt ginn.

Anescht wéi et am Koalitiounsaccord vun Dezember 2018 virgesi war, ass elo och kee grousse Verfassungsreferendum méi virgesinn, an och keng Sensibliséierungs- a Explikatiounsphase fir d'Bierger.

"Déi grouss Iddie retten"

Am Virfeld vun de Chamberwale war am Juni 2018 an der Chamber een Text fir eng geplangten nei Verfassung ugeholl ginn. No 13 Joer Aarbecht an engem breede politeschen Accord, hat den Alex Bodry hat deemools gesot. "Virun allem mengen ech, ass d'Rad net méi zréck ze dréien, mat deem heite Rapport", huet hien deemools gemengt.

Dës Aschätzung war net richteg. An der Tëschenzäit ass gewosst, datt et keng komplett nei Verfassung wäert ginn, well et net déi néideg Majoritéit dofir gëtt. Den Alex Bodry huet een Dënschdeg erkläert, datt et fir hien niewesächlech wier, ob een eng komplett nei Verfassung an enger oder a méi Phasen iwwer déi nächst zwee Joer géif maachen. Fir hie wier et essentiell gewiescht, fir déi "grouss Iddien ze retten".

Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché bedauert engersäits, datt eng komplett nei Verfassung net méi méiglech ass. Anerersäits wier et elo erëm méiglech nei, wichteg Punkten ze diskutéieren. "Et ass besser mir schwätzen elo an Zukunft iwwer Inhalter, fir eis Verfassung wierklech inhaltlech ze moderniséieren. Wa mer eis nach verhedderen, jorelaang a Prozeduren a Kämpf, da komme mer net virun."

Dem DP-Fraktiounschef no, géif et dorëm goen, déi wichtegst Aarbecht aus de leschte Joren iwwert d'Zil-Linn ze kréien. Dowéinst wier elo eng - Zitat "zolidd Revisioun" vun der Verfassung geplangt. Och e Grondgesetz wier eppes Evolutives, erkläert den Eugène Berger.

"Datt dat net eppes Starres ass, wou e seet, dat ass fir déi nächst 100 Joer gutt a wou e villäicht gëschter net doru geduecht huet, ech soe mol een Déiereschutz oder d'Kannerrechter, datt déi awer haut wichteg sinn, a wou e seet, déi mussen och an d'Verfassung kommen."

Vu "Kouhandel", bis "Schwächung vun der Chamber"

D'Iddi fir op de Wee vun enger punktueller Revisioun vun der Verfassung ze goen, an net méi op dee vun engem ganz neien Text koum op den Dësch, no informelle Gespréicher vun den dräi Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng mat der gréisster Oppositiounspartei CSV.

Den ADR-Deputéierte Gast Giberyen weist sech iwwerrascht, datt déi véier Parteien elo net méi wéilten iwwer de globale Text wéilten diskutéieren, mee "datt mer erëm dohinner zréck kommen, wou mer viru 15 Joer ugefaangen hunn, datt mer eng punktuell Verfassungsreforme maachen, wou ongeféier vun deene 60 prinzipiellen Ännerungen, ongeféier nach d'Hallschent wäert ebleiwen."

Den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum bedauert, datt och den definitive Referendum vum Dësch ass, grad wéi den Text, dee virun annerhallwem Joer e grousse Konsens hat. Hie schwätzt vun engem Réckschrëtt an der Transparenz, wéi Texter entstinn, a wéi Kompromësser entstinn. "Et ass eng Schwächung vun der Chamber, well [...] hanner zouenen Dieren e Kouhandel ausgehandelt gouf", sou de Marc Baum.

CSV huet hier Positioun geännert

Zur Fro vun der Bierger-Bedeelegung, hat den CSV-Deputéierte Léon Gloden beim Ofschloss vum Accord am Juni d'lescht Joer nach drop gehalen, datt esou e wichtegen Text, wéi d'Verfassungsrevisioun duerch e Referendum misst goen. Enn November 2019 kléngt dat ganz anescht. "Wa souvill Leit oder souvill Deputéiert sech zesumme fanne fir e Referendum, dann ze froen, iwwer déi präzis Punkten, déi dann an der Chamber zum éischte Vott kommen, da kann natierlech esou e Referendum ofgehale ginn. Mee vun eiser Säit aus, ass do lo keng Demande do."