Geplangt ass awer, nei Rekrutementer ze maachen, fir Ersatzpersonal ze hunn, fir déi Enseignanten, déi a Quarantän sinn. Doriwwer géif de Mëtteg an der Chamberkommissioun diskutéiert ginn. Et géif also organisatoresch Schwieregkeete ginn an de Schoulen, mee keng sanitär. Bis elo wier keng Infektiounskette bekannt, déi an der Schoul oder um Wee dohin entstane wier - anescht wéi an anere Beräicher. De Lex Folscheid sot och, datt de spezielle Congé pour raisons familiales erëm kéint ageféiert ginn, fir de Fall wou awer Coursen oder Gruppen a Crèchen oder Maisons relais ausfalen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Keng nei Mesuren am Enseignement geplangt
Coronavirus
Keng nei Mesuren am Enseignement geplangt
Am Enseignement si keng weider Mesurë géint de Coronavirus op nationalem Niveau virgesinn, dat sot eis de Ministère op Nofro hinn. Et géif een all Dag an de Schoule punktuell op d'Situatioun reagéieren, an dat géif de Moment gutt fonctionéieren, esou den héije Beamte Lex Folscheid.
auto_stories
1 min