Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - 7th Year

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng national Cannabis-Produktiouns- a Verkafsketten ënnert staatlecher Kontroll

Cannabis Legaliséierung

Keng national Cannabis-Produktiouns- a Verkafsketten ënnert staatlecher Kontroll

Anescht wéi am Koalitiounsaccord vun 2018 virgesinn, wäert an dëser Legislaturperiod keng national Cannabis-Produktiouns- a Verkafsketten ënnert staatlecher Kontroll méi agefouert ginn. Fir virun de Chamberwahlen een deementspriechende Gesetzprojet auszeschaffen, géif net méi genuch Zäit bleiwen, erkläert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dëst Konzept wier eng "Virbereedungsetapp", fir mat engem Pilot-Projet a Richtung vun enger kontrolléierter Produktioun an engem kontrolléierte Cannabis-Verkaf hei am Land ze goen, huet d'Ministerin Paulette Lenert erkläert. Et wier een Experiment dat si maache wéilten, mat der Zilsetzung doduerch eng besser Situatioun kënnen ze kréien.

"Et solle staatlech Verkafsstelle sinn"

D'Regierung proposéiert, datt et zwou Lizenze fir d'Cannabis-Produktioun hei am Land solle ginn, grad wéi 14 Verkafsstellen.

"Et solle staatlech Verkafsstelle sinn, also mir wëllen net a Richtung vu Coffee-Shope goen, wou een dat kritt an och net an déi Social-Club-Logik, wéi aner Länner et elo ugeduecht hunn. "

Och wann d'Regierung sech bewosst ass, datt de Cannabis-Konsum bei Mannerjäregen eng Realitéit ass, gesäit dat neit Konzept vir, datt nëmmen erwuesse Residente Cannabis legal solle kënne kafen.

Si wéilten dat beschränken fir och international dee Projet beschtméiglech kënnen ze verdeedegen an de Risiko vun engem grenziwwerschreidenden Impakt andämmen ze kënnen, ënnersträicht d'Paulette Lenert.

Konsum an der Ëffentlechkeet gëtt net erlaabt

Wann d'Konzept vun der Regierung Realitéit géif ginn, da soll de legale Kaf fir de perséinleche Gebrauch op 30 Gramm pro Mount oder 5 Gramm pro Dag limitéiert ginn. De Cannabis-Konsum an der Ëffentlechkeet soll net erlaabt ginn.

Dëse Gesetzprojet vun der Justizministerin Sam Tanson, dee schonn um Instanzewee ass, an eventuell nach virun de Chamberwahle ka gestëmmt ginn, gesäit jo ë.a. de privaten Ubau vu bis zu véier Cannabisplanzen vir.