Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Intrusioun"

#ChamberLeak

"Keng Intrusioun"

Den Internetsite vun der Chamber war méi wéi 30 Stonnen offline. Grond dofir ware Recherchë vum radio 100,7. Et wier keng Intrusioun gemaacht ginn, seet den 100,7-Chefredakter. Et wieren eng Partie intern, vertraulech Dokumenter iwwer den Internetsite accessibel gewiescht. Dat hätt net dierfe geschéien an elo stelle sech eng Rei Froen.

auto_stories

6 min

Chambre des Députés (Foto: Archiv)

Wat ass de Mëttwoch den Owend geschitt?

Claude Biver: An engem éischte Moment huet d'Chamber matgedeelt, datt se de Problem gefléckt hätt. Zwou Stonnen drop ass de Site awer komplett offline gaangen, sou datt en elo iwwer 30 Stonnen net accessibel ass. Haut am Laf vum Dag soll de Site nees online goen, dat ass den Donneschdeg aus engem Pressecommuniqué vun der Chamber ervirgaangen. D'Fro vun der Responsabilitéit ass nach ëmmer net gekläert. Wien ass responsabel dofir, datt dës Donnéeën ëffentlech zougänglech waren?

Jean-Claude Franck: De Chamberbureau kënnt um 1 Auer zesummen, fir déi Responsabel vun de Parteien driwwer z'informéieren, wat genee geschitt ass.

D'Chamber schwätzt an hiren zwee Pressecommuniquéë vun enger "Intrusioun". Ass dat de Fall?

JCF: Mir hu sécher keng Intrusioun gemaacht. Dat war och iwwerhaapt net néideg, fir un d'Informatioun ze kommen. Wann de Virworf vun der Intrusioun op de radio 100,7 sollt gemënzt sinn, dann ass dat fir mech eng falsch Informatioun, well et huet ee net missten an hire System eragoen an et huet een och keng Fraude misste begoen, fir an hire System eranzegoen. Dat ass awer am Code Penal genee sou definéiert.

Eng Intrusioun ass, wann ech mir e Passwuert klauen oder eng Software benotzen, fir duerch eng Barrière ze kommen, fir bei een an de System eranzegoen, wou ech eigentlech näischt verluer hunn. Hei ass et genee ëmgedréint: Hir Informatiounen, déi net fir de Public geduecht waren, waren op hirem Internetsite accessibel. Et huet een einfach missten eng Webadress aginn, an da konnt een op déi Informatiounen zougräifen. Dat konnt jidderee mat engem Smartphone maachen, ouni technesche Knowhow. Déi Informatioune stoungen einfach am World Wide Web.

Am Résumé soe mir dofir, datt dat wat mir gemaach hunn, definitiv keng Intrusioun war. Intressant ass och, datt den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry dat bei eis op der Antenn nuancéiert huet.

"Ech géif net all Wuert an deem Communiqué op d'Goldwo leeën. Wat de juristesche Sënn dovunner ass ...Mir wëllen awer natierlech wëssen, wat genee geschitt ass, a wat fir eng Informatiounen opgemaach gi sinn. Mir wëllen och verstoen, wat bei eis intern geschitt ass, datt dat dote méiglech war."

JCF: Ech hunn op allefalls den Androck, datt d'Chamber vun Intrusioun schwätzt, fir sech als Affer vun engem Leak duerzestellen. Domat insinuéiere si, datt do Anerer, Béiser sinn, déi Zugrëff op Informatioune geholl hunn, wou si eigentlech näischt verluer haten. Dobäi gesinn ech et genee ëmgedréint. Et ass d'Responsabilitéit vun der Chamber als national Institutioun, fir d'Donnéeën déi si huet, an déi net fir de Public bestëmmt sinn, ze schützen. Déi dierfe net op hirem Internetsite stoen.

An dem Kontext ass et och ganz interessant, datt de Chamberspresident Mars Di Bartolomeo zwou verschidde Positioune vertrueden huet. An den zwee Pressecommuniquéë gëtt vun Intrusioun geschwat. Wou mir en dunn awer owes, no eise Recherchen interviewt hunn, huet hien dat e bëssen anescht formuléiert.

Op Grond vun deenen Informatiounen, déi Dir mir am Virfeld ginn hutt, woufir ech Iech och Merci soen, hunn ech déi Responsabel vun eisen Zerwisser zesummegeruff, fir d'Feelerquell an d'Konsequenzen dovun z'identifizéieren an direkt ze behiewen. Ech wollt och soen, datt esou Pannen net ze toleréiere sinn an datt se mat alle Konsequenzen opgekläert ginn, grad wéi eventuell Mëssbräich.

JCF: Do kléngt de Mars Di Bartolomeo anescht. Do ass d'Chamber net d'Affer, mä do seet hie Merci, datt si op eppes opmierksam gemaach gi sinn. An hien ass och bereet seng Responsabilitéiten z'iwwerhuelen.

Wéi schlëmm ass déi Affär ärer Meenung no dann?

CB: Et muss een als éischt emol festhalen, datt et sech ëm eng national Institutioun handelt, eng national Chamber, där hire Site fir méi wéi 30 Stonnen offline war. Potentiell hate jo och nach aner Leit Zougrëff op dës Informatiounen. D'Informatioune ware jo net nëmme fir eis zougänglech.

Et gouf och eng Partie Aschränkunge fir d'Notzer vum Chambersite. D'Deputéiert koume net méi un hir E-Mailen, Journaliste waren och an hirer Aarbecht ageschränkt. Et sinn awer och drëtt Acteuren, wéi beispillsweis verschidde Beruffschambere concernéiert gewiescht.

Et ass och méiglech, datt eng Infraktioun géint den Dateschutz virläit, well och vill perséinlech Date vu Bierger iwwer de Site accessibel waren, déi net fir de Public geduecht waren.

An engem éischte Schrëtt huet d'Chamber just d'PDF-Dateien offline geholl. Dunn huet si kommunizéiert, datt de Problem geléist wier. Zwou Stonnen dono ass de Site ganz vum Netz geholl ginn. Dat weist fir mech drop hin, datt déi Responsabel festgestallt hunn, datt de Leak nach méi wäit geet. Dat kéint een Indice sinn, datt och nach aner Manipulatioune méiglech gewiescht wieren.

Et stelle sech elo e puer Froen. Wéi laang gouf et déi Faille schonn?

Mir hunn de Mëttwoch am Laf vum Dag eis Recherchen an Analyse gemaacht. Mä d'Sécherheetslach war wahrscheinlech scho méi laang op. Hunn aner Leit sech iwwer dëse Wee Accès verschaaft a wéi eng Intentioun hunn déi Leit? Mir si mat gudder Intentioun un dës Donnéeë gaangen. Mir wäerten d'Informatiounen déi mir hunn och filteren.

JCF: Wann ee Parlament seng Informatiounen esou wéineg schützt, ass dat immens grave. Wann een duerch d'Ëmännere vun den Zuelen an der URL schonn op intern Rapporte stéisst, ass dat immens schlëmm. An deene Rapporte steet zum Beispill, wéi eng Leit kandidéiert hunn, fir verschidde Posten an der Chamber ze kréien. Et sinn och Leit net zeréckbehale ginn. Wann ech do kandidéiert hätt, wéilt ech net, datt dat dono op der Place publique accessibel ass.

CB: Et ass elo och immens wichteg, eng Enquête ze maachen, fir ze klären, wéi eng Dokumenter (och vun Drëtten) betraff sinn. An da musse sech och alleguer déi aner Ministèren a Fro stellen, wéi et ëm hir Sécherheet bestallt ass.

JCF: Als Conclusioun kann ee soen, datt mir zu Lëtzebuerg an der Debatt iwwer Digitaliséierung sinn. Et muss ee soen, datt den Dateschutz an där Debatt och eng ganz grouss Roll spillt an dofir ass déi Diskussioun ganz wichteg, well verschidden Acteure sech däers vläicht nach eng Kéier bewosst ginn.

Wat mécht de Radio dann elo mat den Informatiounen, déi e bei der Recherche fonnt huet?

JCF: Mir hunn an der Vergaangenheet schonn aner Dokumenter an Informatioune gehat, déi klassifizéiert waren, déi iwwer Sourcen un eis erugedroe goufen, déi Risiken agaange sinn. Wann d'Informatioune relevant waren, hu mir se och benotzt. Hei sinn et, wéi gesot, ëffentlech Informatiounen, déi ëffentlech zougänglech waren. Mir gesinn iwwerhaapt kee Problem, fir déi Informatiounen ze benotzen, déi d'Intérêt public sinn. Mir zéien natierlech eng kloer Grenz, wat d'Privatsphär ugeet a wat eenzel Leit betrëfft. Dat wäerte mir net um Radio benotzen.


Erklärungen zum Chamberleak vum Jean-Claude Franck a vum Claude Biver:

Lauschterenplay_arrow