Radioen

On air

De Moien  |  Primer - Just A Clown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Rekord-Majoritéit fir Macron

Franséisch Parlamentswahlen

Keng Rekord-Majoritéit fir Macron

D'Beweegung vum neie Staatspresident kritt eng stark Majoritéit an der Assemblée Nationale: LREM a MoDem kommen op 350 Sëtz, esou d'Resultater vum zweete Wahltour. Dat si manner Sëtz wéi virausgesot.

auto_stories

2 min

Iwwer 400 Sëtz haten d'Sondagë fir d'Allianz tëscht dem MoDem a La République en Marche virausgesot. Um Enn sinn et der 350 (308 fir La République en Marche, 42 fir MoDem, esou d'Resultater vum Inneministère.

Anescht wéi virausgesot konnt d'Majoritéit vum neie Staatspresident Emmanuel Macron domat net de Rekord vun 2002 briechen. Deemools hat d'Majoritéit vum President Jacques Chirac 365 Sëtz an der Assemblée Nationale zu Paräis kritt.

Schwaach Oppositioun

D'Oppositioun kënnt den Héichrechnungen no zesummen op 227 Sëtz.

  • Gréissten Oppositiounsfraktioun sinn déi konservativ Les Républicains an hir Alliéiert, déi 130 Deputéiert an der Assemblée kréien. An de leschte fënnef Joer hate si der 199.
  • Nach méi stark ass den Abroch beim Parti Socialiste: de PS kënnt den Héichrechnungen no just nach op 30 Deputéiert (e Minus vun 254 Sëtz).
  • Drëttstäerksten Oppsitiounsfraktioun mat 17 Sëtz gëtt déi lénk France Insoumise vum Jean-Luc Mélenchon.
  • De rietsextreme Front National erreecht mat aacht Deputéiert net de Fraktiounsstatus (e Minimum vu 15 Deputéiert ass dofir néideg).

Historesch niddereg Participatioun

D'Wahlparticipatioun bei dësem decisiven zweete Wahltour war esou niddereg wéi nach ni bei Parlamentswahlen an der Fënnefter Republik (zënter 1958). Nëmmen 42,6 Prozent vun de 47 Millioune franséische Wieler hunn hir Stëmm ofginn.

Reaktiounen

"Ech mengen déi niddereg Wahlbedeelegung ass net de Fehler vum Emmanuel Macron. Vläicht ass och eng gewësse Middegkeet agetrueden", sou Jean Asselborn de Moien vis-à-vis vum radio 100,7. D'Fransouse wieren an de leschte Woche vill bei an d'Wahlbüroe geruff ginn. De lëtzebuergeschen Ausseminister ass och gespaant op déi vill nei Gesiichter an der Assemblée nationale. Vill nei Deputéiert wéisste nach net, wéi de politesche Betrib ofleeft. "Dat muss awer net onbedéngt eng Schwächt sinn."

Dat schlecht Ofschneide vun de Sozialisten hätten dës iwwerdeems selwer ze veräntwerten. De PS hätt keng rout Linn, mee wier awer net vum Emmanuel Macron geschluecht ginn. "Et mussen elo Ustrengunge gemaach ginn, fir vläicht op enger anerer Schinn d'Iddie vun de Sozialisten a Frankräich unzebréngen. Fir d'Chamberwahlen nächst Joer hei am Land mécht de Jean Asselborn sech keng Suergen. "Mir hunn eng kloer Linn an der Regierung. Wat a Frankräich geschitt ass kann ee net op Lëtzebuerg iwwerdroen", sou de lëtzebuergeschen Ausseminister.