Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng frësch EU-Sue fir Industrieplang

GREEN DEAL

Keng frësch EU-Sue fir Industrieplang

Suen aus de Corona-Hëllefspläng sollen an den Ausbau vum Secteur vun den ëmweltfrëndlechen Energië fléissen, sou d'EU-Kommissioun. Den Opbau vun engem extraen EU-Fong fir d'Industrie ze ënnerstëtze bräicht Zäit, sou d'Kommissiounscheffin.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / eakkachai

D'USA si prett Deeler vun hirer Industrie mat Subside vun iwwer 360 Milliarden Euro ënnert d'Äerm ze gräifen. D'Sue solle virun allem a gréng Energie-Technologien investéiert ginn.

An der Europäescher Unioun gëtt deen Invest zwar begréisst, mee et gëtt och gefaart, datt europäesch Entreprisë vun där Offer profitéiere wëllen, an een Deel vun hiren Aktivitéiten an d'USA verleeën. D'Europäesch Kommissioun wëllt dowéinst d'Konditioune fir d'EU-Länner, hir Industrie ze ënnerstëtzen erliichteren an EU-Suen an dee Secteur kanaliséieren.

EU-Industrieplang fir de "Green Deal"

Deen Industrieplang fir de Green Deal weist ënner anerem Pisten op, wéi dofir gesuergt ka ginn, datt d'Entreprisë méi séier Accès op déi néideg Finanzéierung kréien.

Ee Moyen dofir ass et, den enke Kader vun de Staatsbäihëllefe méi flexibel ze maachen. Dorop kucke verschiddener allerdéngs ganz kritesch, well net all EU-Land déi nämmlecht Moyenen huet, grouss Subside fléissen ze loossen. Dat weess d'Kommissiounspresidentin.

"Et ass ganz wichteg ze verhënneren, datt den EU-Bannemarché fragmentéiert gëtt", sou d'Ursula von der Leyen.

Op där anerer Säit missten dowéinst an engems Suen op EU-Niveau zur Verfügung gestallt ginn. Frësch Suen, sinn awer fir de Moment net virgesinn.

Aktuell Fongen notzen

Villméi sollten d'Länner d'Tranchen, déi aus de nationale Coronahëllefspläng nach op stinn, notze fir dee Secteur ze ënnerstëtzen. Aus deem Dëppe stéingen och nach iwwert 200 Milliarden Euro a Form vu Prêten zur Verfügung. Déi sollen elo an een neien EU-Programm fléissen, deen dofir do ass d'EU onofhängeg vu fossiller Energie ze maachen.

E ganz neien EU-Fonds fir d'Industrie op d'Been ze setzen, ass bis elo just ugeduecht. Op mannst zwee vun hire Kommissären, de Fransous Thierry Breton an den Italiener Paolo Gentiloni hate sech fir esou ee Fonds agesat. Dat awer hat direkt Protest aus Länner ewéi Holland oder Däitschland declenchéiert, déi dogéint sinn, datt d'EU weider gemeinsam Scholde mécht.

"D'éischt musse mer definéiere wat mer genee wëllen an da musse mer eis ëm d'Finanzéierung bekëmmeren", sou d'Kommissiounscheffin virsiichteg.

Reegele fir Staatsbäihëllefen temporär lackeren

D'Oplackere vun de Staatsbäihëllef soll sech op bestëmmte Branchë wéi Solaranlagen, Wandenergie, Wärmepompelen, Batterien an d'Notze vu Bio- a Waasserstoff reduzéieren.

Déi zoustänneg EU-Kommissärin, d'Margrethe Vestager pocht drop, datt dës Mesuren temporär wieren. D'Reegele ware schonn am Kader vun der Coronapandemie méi flexibel gehandhaabt ginn. Dorënner hätt de Bannemarché net gelidden, sou déi dänesch EU-Kommissärin. Et wier allerdéngs schwéier virauszegesinn, wéi sech dat an Zukunft entwéckelt. D'EU awer misst kompetitiv bleiwen.

"D'Energie-Präisser an den USA si laangfristeg stabil an niddereg, bei eis sinn éischter héich an net previsibel. Mir kënnen eleng duerch eng gréng Transitioun fir méi niddereg a stabil Präisser suergen."

D'Staats- a Regierungscheffe wäerte sech op hirem Sommet déi nächst Woch deene Proposen unhuelen. D'Reaktiounen am Virfeld weisen, datt Diskussiounsbedarf besteet.