Et gouf de Mëtteg Nomëtteg laang iwwert déi konkreet Wierder diskutéiert, déi an der Deklaratioun festgehale ginn. Dat wat d'Ukrain wollt, koum net dobäi eraus.
Xavier Bettel: Lëtzebuerg gehéiert zu deene "Retizentsten"
Lëtzebuerg wier net prett, "gréng Luucht ze ginn, fir datt d'Ukrain Member vun der Nato gëtt, sou laang nach Krich ass", sot zu Vilnius de Premier Xavier Bettel.
"Ech weess, datt ech do zu deene Retizentste gehéieren, mee dat ass dat nämmlecht mat der EU-Memberschaft: Mir hu Reegelen a mir kënnen net einfach soen, elo zielen déi net. Virun allem bei der NATO zielt d'Solidaritéit mam Artikel 5. Dann ass Lëtzebuerg am Krich mat Russland an da vläicht och mat aneren Alliéierten op der russescher Säit."
Decidéiert gouf, datt een NATO-Ukrain-Conseil agefouert gëtt, dee muer déi éischte Kéier zu Vilnius zesummekënnt. Dee wier ee wichteg, well do definéiert gëtt, wéi déi militäresch Zesummenaarbecht ka verbessert ginn an och wéi an Zukunft d'Sécherheets-Architektur an Europa soll ausgesinn, erkläert den Ausseminister Jean Asselborn.
Ukrain kritt acceleréiert Prozedur offréiert
D'Ukrain soll eng acceleréiert Prozedur fir eng Nato-Memberschaft offréiert kréien. Deen üblechen "Aktiounsplang" opzestellen, soll hir erspuert bleiwen, sou de Generalsekretär Jens Stoltenberg. D'Land hätt gewisen, datt et à même ass, sech selwer ze verdeedegen, sot dozou de Xavier Bettel.
Eng formell Invitatioun awer, fir Member ze ginn, gëtt et zu Vilnius net. Konkret heescht et am Text vun der Deklaratioun vun den 31 NATO-Memberen, déi Invitatioun géif dann eraus goen, "wa sech déi Alliéiert eens sinn an d'Viraussetzungen erfëllt sinn". Als Beispiller gi Reformen am Beräich vun der Demokratie an dem Sécherheetssecteur genannt.
Aplaz vun enger Invitatioun gouf et Engagementer wat militäresch Ënnerstëtzung ugeet. Däitschland huet der Ukrain Waffeliwwerungen an der Héicht vu 700 Milliounen Euro zougesot. Och Lëtzebuerg ass prett weider ze hëllefen, sou de Verdeedegungsminister François Bausch.
Am Ganzen 145 Milliounen Euro Direkthëllef huet de Grand Duché bis elo der Ukrain zoukomme gelooss. Dëst Joer eleng sinn et 68 Milliounen, do ass awer nach net alles geliwwert, wëll et nach ëmmer Enkpäss gëtt.
Lëtzebuerg géing sech finanziell un der Ausbildung vun F-16-Pilote bedeelegen. Ee respektiven Accord doriwwer gouf mat zéng anere Länner zu Vilnius ënnerschriwwen.
Selenskyj enttäuscht
De President Selenskyj huet sech op Twitter net frou driwwer gewisen, datt et net zu enger NATO-Invitatioun an och net zu engem detailléierten Zäitplang fir eng Adhesioun koum. Fir Russland wier dat eng Motivatioun, mat sengem Terror virunzefueren, sou den ukrainesche President. Hie wielt dat um zweeten Dag vum Sommet oppen uschwätzen.