Vereenegung Passerell Keng Diskriminatioun fir Flüchtlingen aus der Ukrain

Ukrainesch Flüchtlingen a Mënschen, déi virum Krich an der Ukrain gelieft hunn, kënnen ee Statut de protection temporaire kréien. Domat hunn se een Zougang zum Aarbechtsmaart. De Flüchtlingsrot hat eng Renconter mat de Vertrieder vum Immigratiounsministère a vum ONA, dem Office national d'accueil, deen zoustänneg ass fir d'Flüchtlingen. Do konnte Froe gekläert ginn, präziséiert d'Ambre Schulz vun der Vereenegung Passerell, déi d'Sekretariat vum Flüchtlingsrot assuréiert.

Carole Schimmer / rb

Ambre Schulz
D'Ambre Schulz vun der Vereenegung Passerell

Lauschteren


Persounen, déi wéinst dem Krich aus der Ukrain geflücht sinn, kënnen sech un de spezielle Guichet unique wennen, deen den ONA, den Office national d'accueil an den Immigratiounsministère agesat hunn. De Flüchtlingsrot hat sech d'Fro gestallt, wat mat deene Persoune géif geschéien, déi op der Flucht waren, ouni awer déi ukrainesch Nationalitéit ze hunn.

A béid Situatiounen hätt een d'Recht, de Statut de protection temporaire unzefroen. D'Bedingung wier, datt een engersäits an der Ukrain eng legal Openthaltsgeneemegung hat an datt een am Heemechtsland net a Sécherheet ass. Dat ass beispillsweis de Fall, wa Leit an der Ukrain virum Ufank vum Krich Asyl accordéiert kruten.

Situatioun vu Studenten nach onkloer

Studenten, déi an der Ukrain op enger Uni waren, stellen sech awer och d'Fro, ob déi Studien, déi se zanter e puer Joer an der Ukrain gemaach hunn, elo verluer ginn. Esou Situatioune misst ee weider am Ae behalen, seet d'Ambre Schulz vun der Associatioun Passerell, déi den Ament d'Sekretariat vum Flüchtlingsrot assuréiert:

"Il y a eu beaucoup d'étudiants qui étudiaient en Ukraine depuis parfois quatre ou cinq ans. On a eu des cas de personnes qui arrivent au Luxembourg et qui disent, mais en fait maintenant les cinq années que j'ai passé en Ukraine sont perdues. Ce qui a été clarifié dans les questions parlementaires par après c'est que le gouvernement du Luxembourg a décidé de ne pas faire de différence entre les personnes ayant un statut de résidence de longue et de court durée en Ukraine. La seule condition à remplir pour les personnes pour avoir la protection temporaire sera de ne pas pouvoir rentrer dans leur pays dans des conditions sures et durables."

Ënnerscheed bei der Aarbechtsgeneemegung jee no Statut

Persounen, déi elo deen temporäre Protektiounsstatut kréien, dierfen ouni Restriktiounen um Aarbechtsmaart schaffen.

Anescht gesäit et aus fir Persounen, déi zum Deel zanter Joren zu Lëtzebuerg liewen an hei an enger Prozedur si fir den Asylstatut unzefroen. Déi Persounen dierfen am Prinzip no sechs Méint zu Lëtzebuerg schaffen, mee si musse virdrun iwwer d'Adem iwwerpréiwe loossen, ob net een EU-Bierger dee Job ka maachen. Et ass dëst eng ganz laangwiereg Prozedur, erkläert d'Ambre Schulz:

"L'accès au marché de travail est uniquement possible après six mois dans la procédure. Et il faut savoir que des personnes qui sont demandeurs de protection internationale et qui travaillent, il y en a très peu au Luxembourg. En 2021 il y en avait une vingtaine, ce qui n'est pas beaucoup compte tenu du nombre de demandeurs de protection internationale."

Flüchtlinge mat traumateschen Erliefnesser

An der Ukrain goufen d'Männer tëscht 18 a 60 Joer mobiliséiert. Déi meescht Flüchtlingen si Fraen a Mannerjäreger, an dat wäert d'Aarbecht vun den Associatiounen déifgräifend änneren. Dacks huet ee Kanner, déi traumatiséiert goufen, ënnersträicht d'Ambre Schulz:

"Il y a des questions qui vont se poser, au niveau des traumatismes qu'auront éventuellement les enfants qui fuient des conditions particulièrement dramatiques en Ukraine. L'accès au marché du travail va être évidemment important pour ce femmes qui pourront retrouver une certaine normalité. Cela ne sera peut-être pas possible de manière effective pour tout le monde dès le début. Il y a d'autres questions qui vont se poser, notemment en terme de suivi psychologique de ces femmes et de ces enfants qui fuient les traumatismes que les personnes auront éventuellement vécu dans leur pays."

Méi zum Thema

Yuriko Backes
Sanktioune géint Russland

D'EU-Kommissioun huet nei Russland-Sanktioune presentéiert. Dozou gehéiert ënner anerem ee Verbuet fir Kuel aus Russland z'importéieren. Dat wier e wichtegen a staarke Message u Russland, sou d'Lëtzebuerger Finanzministerin.

Kanner an der Schoul
Reportage

Den ukrainesche Kanner, déi op Lëtzebuerg kommen, misst een eng Bildung proposéieren, déi hinne gerecht gëtt, mengt d'Simone Bleser. Si ass Proff an der Internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen