D'Friddens- a Solidaritéitsplattform wëllt hir Kolleegen zu Büchel, eng 80 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, ënnerstëtzen. Et geet net nëmmen ëm Däitschland, preziséiert de Raymond Becker
"Et muss ee wëssen, datt an Europa nach op aner Plazen US-Atombomme gelagert sinn. Dat ass an der Belsch de Fall, grad ewéi an Holland, Italien an an der Tierkei. Mir sinn der Meenung, datt ee muss ufänke sech nees ganz verstäerkt Gedanken ze maache fir déi Atomwaffe weltwäit ofzeschafen."
D'Gefor vun engem Accident wier vill ze héich, datt et duerch en Accident oder de bewossten Asaz awer zu enger Eskalatioun géif kommen, déi net méi ze kontrolléiere wier. "Dat wier einfach katastrophal fir d'Mënschheet", seet de Raymond Becker.
Ouni Léisung an der Ukrain ass keng Debatt méiglech
Soubal een iwwert Waffen diskutéiere wëllt, wier een direkt bei enger Diskussioun iwwert den Ukrainkrich, bedauert de Raymond Becker.
"Eiser Meenung no kann een eréischt drun denke seriö iwwert d'Ofrëschtung ze diskutéieren, wann et am Ukrainkrich zu Verhandlunge kënnt, wann et eng Léisung gëtt op diplomateschem Wee. Éischter menge mer awer datt d'Spannungen tëscht de Supermuechten sou haart sinn dass ee kaum Beweegungen an der Atomwaffen Diskussioun an der Ofschafung vun deene Waffe kann erreechen."
UN Vertrag iwwert Atomwaffeverbuet
D'Friddens Solidaritéitsplattform fuerdert, datt den Accord iwwert de Verbuet vun Atomwaffen dee virun zwee Joer vun 122 Länner gestëmmt gouf, soll och zu Lëtzebuerg ratifizéiert ginn.
"Mir sinn der Meenung datt och Lëtzebuerg deen Atomwaffeverbuetsvertrag soll ënnerschreiwe fir einfach Beweegung eranzekréie fir einfach ewech vun deenen Atomwaffen ze kommen, déi eng reegelrecht Katastroph fir d'Mënschheet duerstellen."
D'Zil sollt een Europa ouni Atomwaffe sinn. Datt am Moment keng Gespréicher méi tëscht Russland an den USA zum Theema Atomwaffe méi géife stattfanne wier "eng puer Katastroph".
"Dofir muss een esou séier ewéi méiglech nees zréck op de Wee dass d'Läit sech un een Dësch setzen, matenee schwätzen iwwert déi Waffen, wou d'Internationaalt Rout Kräiz och seet, wann déi eng Kéier zum Asaz kommen, dann hu mir keng Méiglechkeete fir ze hëllefen, wat eng puer Katastroph wier."