An der Moyenne géifen zu Lëtzebuerg am Fondamental ronn 15 Kanner op een Enseignant kommen esou den Educatiounsminister Claude Meisch wärend der Debatt.
Grouss Schoulklassen: Individuell Besoine leiden
D'Petitionären haten an hirer Fuerderung e Schlëssel vun 16 Kanner pro Klass gefuerdert. D'Petitionärin Carla Carvalho Almeida relativéiert hirer Säit d'Moyenne. Um Terrain géifen et dacks Spillschoulsklasse gi mat iwwer 20 Kanner. Dat wier ze vill fir op d'Besoine vun de Kanner anzegoen.
"Méi kleng Klassen heescht, datt een anescht op Kanner kann agoen, well ee ganz einfach méi Zäit fir d'Kanner huet. An dat erméiglecht eng gewësse Qualitéit."
Weider hunn d'Petitionären eng Opstockung vum Personal an der Spillschoul gefuerdert, well dat e kruzialen Alter wier, wou sech d'Inegalitéiten tëschent de Schüler scho géifen ausbreeden. Deemno soll een Enseignant an een Educateur do zesumme schaffen.
Virun de Wale wier dodrunner awer net méi ze denken, esou d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun a CSV Deputéiert Nancy Kemp Arend no der Debatt.
"Do musst Dir verstoen, datt de Minister elo net sechs Méint virun de Walen eng Ausso mécht, datt do géif opgestockt ginn. An d'Situatioun um Terrain ass och sou, datt et warscheinlech net genuch Educateuren am Land gi fir dat ze fëllen, wann een dat misst chiffréieren.
Indice social op d'Schoul upassen?
Eng weider Iddi vun de Petitionäre war et, datt den indice social, deen enger Gemeng mat engem sozial schwaache Milieu erlaabt 20 Prozent méi Moyenen ze kréien, soll op d'Schoul ugepasst ginn an net op d'Gemeng. Et géifen Ënnerscheeder pro Schoul ginn an net nëmme pro Gemeng.
Den ndice ocial economqiue wéi en den Ament gerechent gëtt géif der Realitéit um Terrain net entspriechen. Kritik gouf et och wat d'Waardezäiten ugeet am Fall wou een e Schüler mat Léierschwieregkeete beim Kompetenzzenter mellt.
"Do ass jo och eng Studie raus déi seet datt, wann ee bis Hëllef freet, datt et dann 203 Deeg dauert, bis ee fir déi Hëllef ee Retour kritt. An ech hu mech gefrot wat geschitt wärend deenen 203 Deeg, mam Schüler dee Problemer huet, mat de Matschüler an der Famill?"
Elo wier et éischter un de Parteie fir d'Situatioun ze analyséieren esou d'Nancy Kemp Arend an hirer Konklusioun. Virun de Walen an sechs Méint géif warscheinlech näischt méi gemaach ginn. D'Petitionärin huet zum Schluss nach drop opmierksam gemaach datt d'Kanner keng Politesch Agenda hunn.