Europa Keng Allianz tëschent Liberalen an "en marche"

Am September zejoert war de franséische President Emmanuel Macron op Lëtzebuerg komm, fir kuerz virum offiziellen Ufank vun der Campagne fir d'Chamberwahle mam Premier Xavier Bettel iwwer d'Zukunft vun Europa ze diskutéieren. Kuerz virun deem Biergerdialog hat de Xavier Bettel den Emmanuel Macron op eng Reunioun mat liberale Spëtzepolitiker, dem belsche Premier Charles Michel an dem Hollänner Mark Rutte invitéiert fir iwwer Europapolitik ze diskutéieren.

Danièle Weber / cz

Pieyre-Alexandre Anglade
Foto: Wikimedia

Et gouf zanterhier vill spekuléiert iwwer eng méiglech Allianz vun de Liberalen an dem Macron senger République en marche. Déi kënnt, wann iwwerhaapt, awer eréischt no de Wahlen zustanen. Déi franséisch Regierungspartei hält sech léiwer och nach aner Dieren op.

Schonn am September zejoert hat de Chef vun de Liberalen am Europaparlament, de fréiere belsche Premier Guy Verhofstadt vun enger Allianz tëschent den europäesche Liberalen an der franséischer Partei vum Emmanuel Macron, der La République en marche geschwat. Seng Annonce gouf nach deen Dag selwer vun der franséischer Regierungspartei revidéiert. Een Zesummeschloss wier am Fong net virgesinn, huet et vun där Säit geheescht. Een halleft Joer dono huet déi europäesch liberal Partei hir Spëtzekandidate presentéiert an dorënner ass kee Member vu La République en marche. Et gëtt also net direkt ee gemeinsame Wahlkampf gemaach. De Charakter vun der Zesummenaarbecht bleift e bësse flou.

Keng Allianz, mee eng Zesummenaarbecht

La République en marche wëllt sech ganz offensichtlech net op déi Liberal als eenzege Partner festleeën. Dat confirméiert de Pieyre-Alexandre Anglade, en Deputéierte vun der Assemblée nationale a Responsabele fir europäesch Froen am Macron senger Partei. "Mir fannen, datt déi bestoend Parteie remodeléiert musse ginn, fir datt mir een neien Elan am nächsten Europaparlament kréien."

Et hätt een awer, ënnersträicht den 32 Joer ale Fransous, op alle Fall een enke Lien mat den europäesche Liberalen, déi am Fong richteg Allianz vu Liberalen an Demokrate fir Europa, kuerz ALDE heeschen. "Mir hunn awer ëmmer gesot, dat mir net der ALDE géife bäitrieden, mir wëllen zesummeschaffen, mee dat wëlle mir och mat Vertrieder vun anere Parteie maachen", sou de Pieyre-Alexandre Anglade. Et kéint een déi nei Legislaturperiod net mat deenen nämmlechte Strukturen, Gewunnechten a Leit ufänken.

Net déi nämmlecht Persounen? Do läit vläicht e Problem, dee sech mat der ALDE stellt. De Guy Verhofstadt ass nämlech zanter zéng Joer de Chef. Hie steet deemno net fir d'Erneierung.

De fréiere belsche Premier hält awer weiderhin déck Stécker op d'Zesummenaarbecht mat La République en marche. "Mir hu gesot, datt mir am nächste Parlament zesummeschaffe wëllen. Dat muss een natierlech virbereeden an dat gëtt och gemaach."

LREM: ALDE huet keng Exklusivitéit

Am franséische President Emmanuel Macron gesäit de Guy Verhofstadt deen eenzegen europäesche Leader, deen an déi richteg Direktioun weist. Deen eenzegen, deen déi éiweg Koalitioun vu Chrëscht- a Sozialdemokraten am Parlament opbrieche kann. Deen eenzegen, dee fir eng Erneierung an Europa steet.

Verschiddene Sourcen no huet de Guy Verhofstadt net wëlles, President vun engem eventuell neie Grupp am Parlament ze ginn.

Wat d'République en marche ugeet, sou betount hiren EU-Spriecher, de Pieyre-Alexandre Anglade, dat een iwwer déi europäesch Liberal erauskucke wëllt. "Mir behalen als d'Fräiheet fir mat méiglechst ville Leit ze schwätzen. D'Relatioun mat der ALDE ass keng exklusiv."

Bis elo gouf et nach keng direkt Zousoe vu Parteien, sech mat En marche zesummen ze doen. Der Garance Pineau no, déi sech bei La République en marche ëm den Europawahlkampf bekëmmert, hätte sech eenzel Europadeputéiert dofir ausgeschwat, zum Beispill vun der italienescher Demokratescher Partei.

Och Deputéiert vun der griichescher Pasok oder de maltesesche Sozialisten hätte sech prett erkläert, engem Grupp mat En marche bäizetrieden.

Alles an allem schéngt een awer op alle Säite mol d'Resultater vun de Wahlen ofzewaarden, éier ee sech an iergendeng Richtung ze wäit aus der Fënster hänkt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Emmanuel Macron schwätzt virun Europaparlament
EU

Den Emmanuel Macron krut am Europaparlament vill Applaus. Bei de Regierungscheffe fanne seng Iddien net vill Ënnerstëtzung. Säi Succès huet en Debat lancéiert, deem kee sech sou richteg entzéie kann.

Kurz Tusk Juncker
Bilan Eu-Sommet

D'EU-Länner si gëeent mat Groussbritannien géint Russland a géint US Stroftaxen. Mat interne Mesurë geet et manner séier virun. Lëtzebuerg weist sech méi kompromëssbereet bei der Besteierung vu Google a Co.

Valdis Dombrovskis, Günther Oettinger, Pierre Moscovici
Europäesch Unioun

D'Europäesch Kommissioun huet Propose virgeluecht, fir d'Eurozon ze reforméieren. Dobäi probéiert Bréissel verschiddenen deels kontradiktoresche Wënsch gerecht ze ginn. D'Propose bleiwen éischter flou.

Michel Delage Kommentar
EU-Politik

De franséische President wëll den europäeschen Integratiounsprozess relancéieren. A bleift bis elo vague genuch, datt een alles a virun allem näischt kann eran interpretéieren, mengt de Michel Delage.

Op der Wahlsoirée vu La République en Marche
Franséisch Parlamentswahlen

D'Beweegung vum neie Staatspresident kritt eng stark Majoritéit an der Assemblée Nationale: LREM a MoDem kommen op 350 Sëtz, esou d'Resultater vum zweete Wahltour. Dat si manner Sëtz wéi virausgesot.

Legislativen 2017 a Frankräich
Legislativwahlen a Frankräich

47 Millioune Fransouse sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Den neie Staatspresident wäert an der Assemblée Nationale eng dominant Majoritéit kréien. Méiglecherweis déi stäerkst zënter 1958.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen