Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keeseminnen: Stad Esch wëllt de Moie reagéieren

Denkmalschutz

Keeseminnen: Stad Esch wëllt de Moie reagéieren

D'Stad Esch wëllt de Moie Stellung zum Dossier Keeseminnen huelen. Dat nodeems d'ASBL Industriekultur CNCI dem Bauteschäffe Martin Kox (déi gréng) eng ontransparent Politik reprochéiert huet.

auto_stories

2 min

D'lescht Woch gouf ugefaangen dës fréier Industriegebaier ofzerappen. D'ASBL kritiséiert, datt d'Bierger guer net iwwer d'Ofrappe vun de Keeseminnen informéiert gi wieren: "Do war keng Transparenz do. Och wa verschidde Bauteschäffen vun der Stad Esch soen, eis Dier ass ëmmer op fir d'Bierger ...". De Bauteschäffe Martin Kox hätt souguer am Februar dëst Joer am Tageblatt gesot, datt d'Keeseminnen net géifen ofgerappt ginn.

Virun engem Mount hat d'ASBL eng Demande un d'Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) geschriwwen fir d'Demolitioun vun de Keeseminnen ze stoppen. D'nächst Woch ass dem Ministère no eng Entrevue geplangt fir iwwer den Dossier ze diskutéieren.

Verschidde Meenungen

"Mir wiere frou, wann d'Ministesch elo séier an hire Méiglechkeete reagéiert fir den Ofrëss vun de Keeseminnen ze verhënneren. D'Keeseminne si schützenswäert", esou d'ASBL Industriekultur CNCI.

Site et Monuments ass net der Meenung, datt d'Keeseminnen zu Esch sollen ënner Denkmalschutz kommen. Dat sot den Direkter Patrick Sanavia op Nofro hin. Nom Inventaire, virun e puer Joer, wier schonn zeréckbehale ginn, datt d'Keeseminnen net wäerte geschützt ginn, esou de Patrick Sanavia.

D'Sam Tanson seet dozou:

"Mir hu selwer nach näischt national ënner Denkmalschutz gesat gehat. Dat stoung awer op mengem Programm. Wärend dem Confinement hat ech e Rendezvous fir selwer op d'Plaz ze goen. Awer op d'Basis vun der Viraarbecht, déi vu Site et Monuments scho geleescht gouf. Wou eng ganz Rei Saache sollten erhale bleiwen, mee d'Keeseminnen eben net."