Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konzept vum Spëtzekandidat net ouni transnational Lëschten

Europawahlen 2019

Konzept vum Spëtzekandidat net ouni transnational Lëschten

Den Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat fir d'Europawahlen, ass dogéint, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun automatesch EU-Kommissiounspresident gëtt. "Déi Saach mam Spëtzekandidat ass e bëssen iwwerzu ginn. Et ass probéiert ginn dat an den Traitéen eranzeleeën, wat awer net esou dra steet."

auto_stories

4 min

Den Nicolas Schmit ass géint d'Konzept vum Spëtzekandidat ouni transnational Lëschten

De Premier Xavier Bettel ass dogéint, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun am EU-Parlament automatesch EU-Kommissiounspresident gëtt. Hie géif et besser fannen, wann een transnational Kandidatelëschten fir dee Posten presentéiert hätt an datt d'EU-Bierger deen direkt gewielt hätten. Dat gouf an der EU awer refuséiert.

Den Nicolas Schmit gëtt dem Xavier Bettel Recht, datt et keng gutt Iddi wier, d'Konzept vum Spëtzekandidat duerchzezéien, ouni transnational Lëschten ze hunn. D'Propos wier haaptsächlech vun deene refuséiert ginn, déi elo fuerderen, datt hire Spëtzekandidat "elo praktesch Kommissiounspresident gëtt".

Ënnerstëtzung fir de Frans Timmermans

Den Nicolas Schmit ënnerstëtzt awer den europäesche Spëtzekandidat vun der EU, de Frans Timmermans, "deen en exzellente Spëtzekandidat ass, wéi déi Debaten, déi hie momentan huet, och beweisen".

"Ech froe mech ëmmer, wat wier dann wann déi stäerkste Fraktioun, wat net komplett ausgeschloss ass, déi Rietsextrem wier? Muss dann de Spëtzekandidat vun der Extrême Droite Kommissiounspresident ginn? Nee, et brauch een am europäesche Parlament eng Majoritéit an do muss eben den beschtméigleche Kandidat gewielt ginn. Fir mech wier dat jo den Frans Timmermans, mee et muss sech eng Majoritéit fir dee Kandidat fannen."

Nicolas Schmit wëllt EU-Kommissär ginn

Den Nicolas Schmit selwer ass drun interesséiert fir ee Posten als EU-Kommissär ze kréien. Am Prinzip muss een EU-Kommissär net gewielt ginn. Hien hätt sech awer schlecht gefillt, doheem an der Fotell ze setzen, wann anerer Wahlkampf féieren. Hie gëtt och vu senger Partei fir dee Poste proposéiert. Dat gouf esou vun de Koalitiounspartner ofgemaach, seet den Nicolas Schmit.

"Et ass jo souwisou d'Regierung déi designéiert, de Lëtzebuerger Kandidat fir d'Kommissioun. Dat ass am Prinzip ofgemaach tëscht de Koalitiounspartner. A meng Partei huet mech dofir virgesinn. An da kucke mir, wat de 26. Mee bréngt."

Keng Eestëmmegkeet a Steierfroen

Den Nicolas Schmit fënnt, datt d'Eestëmmegkeet a Steierfroen duerch eng qualifizéiert Majoritéit soll ersat ginn. Dobäi soll d'Steierpolitik vun den EU-Memberlänner net komplett op d'Kopp geheit ginn. Et bräicht een an Europa, wéinst der Steierkonkurrenz, ee Mindeststeiersaz vun 18 Prozent fir d'Betriber.

"Dat Europa vun de Natiounen, wat ech ëmmer erëm héieren. Kee Mënsch wëllt d'Natiounen an Europa ofschafen. An besonnesch net mir. Mee mir wëssen alleguerte wa mir géifen an esou een Europa zeréckfalen, datt besonnesch déi kleng Natiounen dobäi wéineg ze gewannen hätten. Dat ass eng Illusioun wat d'Läit do presentéiert kréien."

D'LSAP hätt eng Ouverture bei Steierfroen, grad wat d'Eestëmmegkeet ubelaangt, seet den Nicolas Schmit. "Mir stelle fest, datt mir momentan an enger Course no ënne sinn, och fir Lëtzebuerg." Et géif een da riskéiere bei Null Prozent Steieren ze landen. Dat hätt och fir Lëtzebuerg grouss Konsequenzen.

"Mir brauchen also an Europa e Mindeststeiersaz, an dat kréie mir net mat der Unanimitéit erreecht. Mir brauchen do eppes anescht ewéi d'Unanimitéit, dat heescht eng Majorité qualifiée, zum Beispill renforcée, mat gewësse Garantie fir d'Länner, datt hir Steiersystemer net total duerchernee bruecht ginn, duerch eventuell eng europäesch Decisioun. Dat ass dee Wee, dee mir wëlle goen."

Méi Transparenz am Europaparlament

Den Nicolas Schmit huet betount, datt hie sech fir méi Transparenz géif asetzen. All Europadeputéierte misst an Zukunft kloer soen, wéi hien ofstëmmt.

"Ech ka mech nëmme wonneren, datt hei Läit untrieden, déi soen se wiere sozial, wann et dann awer ëm wichteg Direktive geet, déi an deene leschte Méint am Europaparlament adoptéiert gi sinn, si dogéint gestëmmt hunn. Dat wëssen d'Leit net. Also wier et wichteg, datt jiddereen all puer Méint en Deputéierte seet, wéi hie gestëmmt huet."


Reaktioun vum Marc Angel

De Marc Angel, LSAP-Kandidat fir d'Europawahlen, gëtt dem Nicolas Schmit Recht, datt et "kee gudden Automatismus" wier, wann de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun automatesch EU-Kommissiounspresident géif ginn. "Mee ech sinn der Meenung, datt ee vun de Spëtzekandidate soll President vun der EU-Kommissioun ginn, an zwar deen, deen et fäerdegbréngt, eng Majoritéit hanner sech a säi Programm ze bréngen."

De Marc Angel fënnt och, datt d'Europaparlament soll iwwer de Poste vum Kommissiounspresident ofstëmmen, an hien ass iwwerzeegt, "datt do Leit sinn déi et fäerdegbréngen eng Majoritéit ze fannen an da Kommissiounspresident ze ginn."

Lauschterenplay_arrow