Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Arm's Length

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Flüchtlingen: Net all Diplom gëtt automatesch unerkannt

ADEM

Ukrainesch Flüchtlingen: Net all Diplom gëtt automatesch unerkannt

Ukrainesch Flüchtlingen an aner Beneficiarë mam temporäre Schutzstatut kënne sech bei der ADEM als Demandeurs d'emploi aschreiwen. Mee se kënnen net alleguer déi Beruffer ausüben, déi se geléiert hunn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei der Analys wéi eng Kandidat:innen op wéi eng Job-Profiller passen, géif d'ADEM keen direkten Ënnerscheed maachen, ob et Flüchtlinge sinn oder Leit, déi schonn hei am Land waren, erkläert d'Directrice Isabelle Schlesser. D'ADEM géif d'Diplomer an d'Sproochekenntnisser kucken, wéi och d'Kompetenzen an Erfarungen déi se an hire Länner gesammelt hunn.

Ausname bei medezinesche Beruffer

Dës Erfarunge wieren net ëmmer vergläichbar, esou d'Isabelle Schlesser. Dat wier vu Beruff zu Beruff ënnerschiddlech.

"Een Informatiker, dat ass relativ änlech an all Land. Par conter, aner Beruffer, sief et nëmmen an der Constructioun zum Beispill. Et gëtt awer anescht gebaut, et sinn aner Normen.

Een anert Beispill sinn déi medezinesch Beruffer. Do kéint et sinn, datt e Flüchtling, deen als Dokter geschafft huet, hei am Land vun der ADEM eng Plaz offréiert kritt, déi op engem ganz aneren Niveau ass. An dëse Beruffer missten nämlech Ausname gemaach ginn.

"Wéi och Infirmièren - dat si Professioune wou ee muss eng autorisation d'exercer hunn, déi déi Leit aus der Ukrain, an och aner Flüchtlingen, net onbedéngt hunn."

Net all Diplomer ginn automatesch unerkannt

Hir Diplomer ginn hei am Land net automatesch unerkannt, dowéinst kéint een en ukraineschen Dokter net als Dokter vermëttelen.

Eng Méiglechkeet an esou Fäll wier, datt d'ADEM-Cellule, déi op Gesondheetsberuffer spezialiséiert ass, kuckt wat déi Persoun muss maachen, fir déi néideg Autorisatioun fir z'exerzéieren ze kréien. Dëse Wee kéint sech fir déi Flüchtlinge "lounen", déi plangen, hei am Land ze bleiwen, esou d'ADEM-Directrice Isabelle Schlesser.