Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Enn vu schroe Bëschbränn a Portugal

Portugal

Keen Enn vu schroe Bëschbränn a Portugal

A Portugal brennen nach ëmmer d'Bëscher. Honnerte Pompjeeë kämpfe viru géint déi schlëmmste Bëschbränn zënter Joerzéngten. Bei der Katastroph sinn op d'mannst 62 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dee Bilan kéint weider klammen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Peter Kneffel/dpa

D'Feier a Portugal war e Samschdeg lass gaangen. Wahrscheinlech well e Blëtz an e Bam geschloen hat. Wéinst dem staarke Wand ass d'Feier an der Regioun Pedrógão Grande séier a véier verschidde Richtunge viru gedriwwe ginn. Vill Automobiliste goufen d'Affer vun de Flamen. Ronderëm hir Autoen huet et iwwerall gebrannt.

De Moment friessen d'Flame sech op véier Fronte virun duerch eng Bëschregioun am Bezierk Leiria, 200 Kilometer nord-ëstlech vu Lissabon. Eng 2.000 Pompjeeën, Zaldoten a Leit vun der Protection Civile si mat iwwer 600 Gefierer ouni Paus am Asaz. Dem portugiseschen Inneministère no hätte verschidde Gebidder nach net vun de Rettungsequippe kënnen erreecht ginn.

De Facteur Wieder

D'Wieder wier ganz wichteg, seet de Leder Lopis vun der portugisescher Pompjeesfederatioun. "D'Temperatur, de Wand, d'Fiichtegkeet ... Dat si wichteg Facteuren. D'Pomjieeë sinn op der Plaz. Mir hunn d'Leit elo ausgewiesselt, fir d'Equippen z'erfrëschen, déi am Asaz sinn. Mir hoffen, datt d'Feier geschwë geläscht ass. Dat ass eisen Job. Fir d'Feier auszemaachen an dofir ze suergen, datt keng weider Blesséierter an Doudeger méi ginn."

D'Pompjeeë si mam Minimum vu Leit am Asaz (Foto: picture alliance / Peter Kneffel/dpa)

D'Ënnerstëtzung aus aneren EU-Länner géif hëllefen. Den Ament géif een awer mam absolute Minimum vu Pompjeeë schaffen, sou de Leder Lopis weider. Am Kader vum europäeschen Zivilprotektiounsmechanismus sinn eelef Läschfligeren aus Spuenien, Frankräich an Italien am Asaz.

Eng Rei Dierfer si vun de Bëschbränn menacéiert, och an den Nopesch-Bezierker Coimbra a Castelo Branco, sou déi portugisesch Noriichten-Agence LUSA, déi sech op d'Rettungsequippe berifft. Eng Partie Dierfer goufen evakuéiert.

Den Ament ginn et a Portugal héich Temperature, déi plazeweis op iwwer 40 Grad klammen. Alles an allem ginn et ëm déi 100 Bëschbränn.

Klimawandel a Forstpolitik responsabel?

Déi italienesch Dageszeitung La Stampa spekuléiert, datt de Klimawandel mat responsabel fir d'Bësch-Bränn a Portugal kéint sinn. D'Ëmweltassociatioun Quercus kritiséiert d'Forstpolitik, déi hirer Meenung no eng ze large Astellung géigeniwwer dem Ubau vun Eukulyptusplantagë gewisen hätt. Déi séier brennbar Eukalyptusbeem hätten et dem Féier erlaabt, sech sou séier ze verbreeden.

D'lescht Joer am August haten déi portugisesch Pompjeeën scho géint katastrophal Bränn misse kämpfen. De portugisesche Landwirtschaftsministère schafft de Moment un engem Plang, fir Bëschbränn an Zukunft ze vermeiden a besser kennen ze bekämpfen, esou e Pressespriecher vum portugiseschen Ëmweltministère.

A Portugal huet eng Staatstrauer vun dräi Deeg ugefaangen.