Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keen Accord tëscht Fapsylux an CNS

Psychotherapeuten

Keen Accord tëscht Fapsylux an CNS

Et kënnt bis op Weideres net zu enger Konventioun tëscht de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess. Déi zwee Verhandlungspartner hätte bei der leschter Reunioun decidéiert an d'Mediatioun ze goen. Dat sot eis d'Lara Erpelding, d'Vizepresidentin vun der Fapsylux, der Federatioun vun de Psychotherapeuten, op Nofro hin.

auto_stories

2 min

Psychotherapeutesch Behandlunge gi fir den Ament net vun der Gesondheetskeess rembourséiert. De Beruff vum Psychotherapeut ass zanter 2015 gesetzlech geregelt, allerdéngs muss d'Vertriedung vun de Psychotherapeuten eng Konventioun mat der CNS aushandelen an där definéiert ass, wéini d'Gesondheetskeess fir eng Behandlung opkënnt.

Zanter Januar verhandelen d'CNS an d'Fapsylux iwwer eng éischt Konventioun. Déi zwee Verhandlungspartner hate sechs Méint Zäit, also bis Mëtt Juli, fir dës Konventioun zE ënnerschreiwen - dozou wäert et also fir de Moment net kommen.

Wéini gëtt rembourséiert?

Ee Sträitpunkt wier weiderhin, bei wéi enge Krankheeten eng psychotherapeutesch Behandlung rembourséiert soll ginn, esou d'Lara Erpelding, Vizepresidentin vun der Fapsylux. D'Federatioun vun de Psychotherapeute fuerdert, datt d'Behandlung vun alle psychologesche Krankheeten, bei deenen eng Psychotherapie Sënn mécht, och rembourséiert gëtt.

D'Lara Erpelding ënnersträicht, datt d'Fapsylux fir eng net-diskriminéierend Approche vun Traitementer steet. "Dat heescht, et gëtt ee Katalog vu psychesche Krankheeten, wou mir wéilten, datt all Patient, deen eng vun deene Krankheeten huet och e Recht huet, rembourséiert ze ginn", seet si.

WIen decidéiert iwwer eng Behandlung?

Iwwerdeems wier ee sech net eens, wien iwwer de Besoin fir eng Behandlung decidéiert, déi och vun der Gesondheetskeess iwwerholl gëtt, esou d'Lara Erpelding:

"Do ware mir vun der Fapsylux éischter fir e Modell, deen um däitsche Modell geleeënt ass, datt mir de Patient an enger éischter Phas bei den Dokter schécken, datt ka gekuckt ginn, op et keng medezinesch oder somatesch Erklärung fir dës Schwieregkeeten gëtt, déi de Patient huet. Wa sech da géif erausstellen, datt dat net de Fall wier, da gëtt et fir eis u sech net onbedéngt e Grond ginn, fir weider nach eng medezinesch Versuergung niewebäi ze verlaangen."

An deem Modell bräicht de Patient kee Rezept vun engem Dokter, fir eng psychotherapeutesch Behandlung rembourséiert ze kréien.

Weider Versammlunge geplangt

Et wieren nach zwou Versammlunge mat der CNS geplangt - do géif een deen Deel vun der Konventioun ausschaffen, bei deem ee sech eens wier, éier et dann op d'Mediatioun géif goen, esou d'Lara Erpelding.

D'CNS huet op Nofro confirméiert, datt d'Verhandlunge géifen op eng Mediatioun erauslafen, wollt d'Situatioun awer net weider kommentéieren.