Europawahlen 2019 Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen
Anescht wéi soss bei Wahlen hei am Land, gëtt et dëst Joer tëschent de Parteie keen Ofkommes, dat de Wahlkampf reegele soll. An der Vergaangenheet goufen an sou Ofkommesse gewësse Fairness-Reegele festgeluecht an et goufe sech Limitte gesat, wat d'Zuel vun de Plakater an d'Ausgaben allgemeng ugeet.

Et huet sech kee sou richteg drëm beméit: Esou den Tenor wann ee bei de Parteie nofreet. De Generalsekretär vun der CSV, Felix Eischen, erënnert sech, datt d'Fro "kuerz eng Kéier ugeschwat" gi wier. D'Majoritéitsparteie wieren dorobber awer net richteg agaangen an da wier och d'CSV "net proaktiv virgaangen". Esou ass et "einfach keen zustane komm."
De Gast Gibéryen seet, et hätt een en Ofkommes gewollt. Et wier awer séier kloer ginn, datt kee grousse Wëllen do wier. Den ADR-Deputéierten a Kandidat bei den Europawahlen geet awer dovunner aus, datt den Europawahlkampf och ouni Accord ähnlech wéi bei de Chamberwahle verleeft.
Zweifel un der Efficacitéit
An der Vergaangenheet wier och ni wierklech gekuckt ginn, ob sech d'Parteien un d'Ofkommes halen, seet de Sven Clement vun der Piratepartei. Et hätt keng zwee Deeg gedauert, do hätt déi éischt Partei enger anerer virgeworf géint d'Ofkommes ze verstoussen. Wann een iwwer Fairness am Wahlkampf schwätzt, da misst een en externen Monitoring gemaach ginn.
Och de Pascal Husting, Wahlkampfmanager vun der LSAP mengt, et misst eng onofhängeg Instanz d'Anhale vu sou Ofkommesse kontrolléieren. D'Parteien hätte sech ni wierklech drëms gekëmmert, esou eng Instanz ze schafen: "Virun de Walen ass d'Dynamik ganz grouss. Duerno ginn et Wahlgewënner, Wahlverléierer. Da ginn et Koalitiounsverhandlungen. Dann ass d'Aart a Weis, wéi d'Campagne gefouert ginn ass e bësse niewesächlech."
"Just fir d'Galerie"
Och de President vun déi gréng, Christian Kmiotek, huet Zweifel un der Efficacitéit vun de Wahlkampfofkommessen. Wie méi Panneauxen hat, ewéi am Ofkommes virgesinn, hätt einfach dermat gedreet net matzemaachen. D'Limite vu Panneauxen wier dann esou fixéiert ginn, datt jiddereen e Maximum kéint opstellen: "Deen Ament huet dat jo kee Sënn en Ofkommes ze maachen, dat ass jo da just fir d'Galerie."
Déi Lenk hunn d'Ofkommes bei de leschte Chamberwahle net ënnerschriwwen, genau esou wei d'Piraten. Et wier ni wierklech gelongen richteg Limitten fir de Walkampf ze setzen, seet de Gary Diderich vun déi Lenk. Mat Ausnahm vum Gemengewahlkampf 2017, wou gesot gouf d'Zuel vun de grousse Panneauxen géif vun elo u progressiv erof goen. Mee: "Un dat Engagement ass sech net gehale ginn."
Vläicht bei den nächste Wahlen...
Déi liberal DP plädéiert dofir, datt et och ouni fest Engagementer kéint klappen. Wa sech géif eraus stellen, datt et ouni Ofkommes "net funktionéiert", da misst ee bei den nächste Wahlen "kucken nach eng Kéier e Kompromëss-Konsens ze fannen", sou d'Spëtzekandidatin bei den Europawahle Monica Semedo.
Alles an Allem kann ee soen, datt déi meescht Parteien de Sënn vu Wahlkampfofkommessen, wéi et se bis elo gouf, a Fro stellen. D'Wahlkampfspotte vun de Parteien op der Tëlee an um Radio gi vun der onofhängeger Instanz ALIA kontrolléiert. Eng Instanz déi e ganze Wahlkampf géif ënnert d'Lupp huelen, ass awer net an Aussiicht.