Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee soziale Fortschrëtt"

Chamberwahlen 2018

"Kee soziale Fortschrëtt"

auto_stories

2 min

headphones

18 min

Ënner dëser Regierung hätt et kee soziale Fortschrëtt ginn, et wiere souguer Réckschrëtter gemaach ginn, seet de Marc Baum. Eng Koppel mat zwee Kanner déi de Mindestloun verdéngt, déi allen zwee 40 Stonne schaffe ginn, hätt haut manner Sue wéi dat nach 2014 de Fall war, sou den Deputéierte vun déi Lénk. Hien deelt och d'Kritik vum Staatsrot um Gesetzprojet iwwert de REVIS.

"Wann een e Projet Revenu d'inclusion sociale nennt, an dee läit 25 Prozent ënnert deem, wat eng Famill zu Lëtzebuerg brauch fir dezent ze liewen, dann ass dat en Hohn", sou de Marc Baum.

Exit-Strategie

De Marc Baum fuerdert dernieft eng Exitstrategie, fir aus der Ofhängegkeet vun der Finanzplaz erauszeklammen. Et wier eng Transitiounsphas néideg, während där een iwwer eng progressiv Besteierung vun de Finanzaktivitéite misst nodenken.

Op d'Nofro, ob déi Lénk, d'Finanzplaz duerch méi Besteierung wéilten ersetzen, äntwert de Marc Baum: "Mir reduzéieren d'Gewiicht vun der Finanzplaz, duerch eng méi héich Besteierung. Déi zousätzlech Recette wëlle mir investéieren, fir datt Lëtzebuerg sech aner ekonomesch Pilieren kann opbauen."

Rentereserven anescht investéieren

De Benefice, deen zu Lëtzebuerg erwirtschaft gëtt, misst méi gerecht verdeelt ginn. D'Steierlaascht zu Lëtzebuerg wier am Verglach mam europäeschen Ausland onheemlech kleng. "Do ginn et Stellschrauwen, un deenen een dréine soll, ouni datt doduercher ganz Secteure fortlafen", seet de Marc Baum.

Lëtzebuerg hätt Rentereserven an Héicht vu ronn 19 Milliarden Euro opgebaut, déi haut an Aktien an dubiéise Geschäfter ugeluecht wieren. Et sollt een déi Suen zu Lëtzebuerg an der Groussregioun investéieren, fir Rendement z'erwirtschaften. Dëse kéint awer net "sou geckeg" sinn, wéi e momentan wier. Et kéint een zum Beispill verstäerkt an nohalteg Immobiliegeschäfter investéieren, déi och Aarbecht zu Lëtzebuerg géif generéieren.