D'Gewaltbereetschaft géif an der Gesellschaft eropgoen, awer och d'Affer géife sech éischter bei der Police mellen. Ausserdeem géif an den aktuellen Zuele keen Ënnerscheed gemaach tëscht Jugendstrofdoten a Jugendschutzmesürë ginn. An d'Hausse wier awer op d'Schutzmesüren zeréck ze féieren, huet et gëscht no der Entrevue geheescht.
CSV: Keng Daten an onkloer Delaien
D'Entrevue mam Parquet a mat Vertrieder vun der Police ass op Ufro vun der CSV zustane komm. Hannergrond si rezent Virfäll bei deene Jonker aner Jugendlecher geschloen, gefilmt an d'Videoen op de soziale Medie gedeelt hunn. "A mir musse feststellen, mir hu weder um penalen Niveau nach an de Schoulen Zuelen, wat ech extrem schuet fannen", sou d'Martine Hansen vun der CSV.
Si hätt och gefrot, wéi laang et géif daueren, bis de Jugendriichter en Urteel fält. Hei géif vun engem "delai raisonnable" geschwat ginn, mee et wier net kloer wéi laang deen Delai da wier. "An ech menge wann ee Jugendleche véier, fënnef Méint laang näischt héiert, iert dann eppes geschitt, dat ass egalwéi net gutt".
E Jugendlechen, dee sech strofbar gemaach hätt, géif net eleng gelooss ginn, betount d'Justizministesch Sam Tanson. Et géif e staarken Accent op "mesures de diversion" geluecht ginn, dat heescht et géif probéiert gi fir mam Mineur anescht ze schaffen.
DP: Eltere méi an d'Flicht huelen
Et misst een awer och d'Eltere méi mat an d' Boot huelen, mengt de Gilles Baum vun der DP a President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
"Wann d'Eltere soen: 'et ass besser du gees elo puer Deeg setze wéi du mëss elo eng Aarbecht am Interêt vun der Allgemengheet'. Da fannen ech dat grave."
Wéi genau een dann elo mat den Eltere wëll zesumme schaffen, ass dobäi net preziséiert ginn.