Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Petitioun: Fuerderung no méi Elteregeld

Koalitiounsaccord

Petitioun: Fuerderung no méi Elteregeld

Méi staatlech Ënnerstëtzung fir Elteren, déi hir Kanner doheem betreien. Dat hunn CSV an ADR d'lescht Woch an der Chamber gefuerdert. An d'Theema wäert deemnächst nach emol zur Debatt stoen. Eng Petitioun mat der Fuerderung no engem Elteregeld krut déi néideg Ënnerschrëften.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am blo-rout-grénge Koalitiounsaccord waren zwou Mesurë virgesinn, fir Famillje méi ze ënnerstëtzen. Dës goufen awer net ëmgesat.

Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn

An zwar sollt engersäits ee Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn agefouert ginn. De Staat sollt dann een Deel vun de Cotisatioune fir d'Pensiounsversécherung iwwerhuelen. An dëser Legislatur wier een awer just een éischte Schrëtt an déi Richtung viru komm, erkläert d'Familljeministerin Corinne Cahen.

"Andeems mir d'Work-Life-Balance-Direktiv ëmsetzen. An do huet een dann een Urecht op Deelzäitaarbecht wärend enger bestëmmter Zäit an da kann een och nees Vollzäit zréck goen."

De Probleem vun de méi niddrege Cotisatioun fir d'Pensiounsversécherung ass domadder net geléist. Deemno wier dat eng Fuerderung fir déi nächst Legislaturperiod a fir an den DP-Walprogramm.

Finanziell Hëllef amplaz vun zousätzlechem Congé Parental

DP, LSAP an déi Gréng ware sech am Koalitiounsaccord och eens iwwert een zousätzleche Congé Parental, wa béid Elterendeeler hir Elterenzäit huelen. Dat ass net geschitt. Et hätt sech erwisen, datt kee sou ee Bonus als Incitatioun néideg wier, seet d'Corinne Cahen. D'Leit géife bal alleguer de Congé Parental an Usproch huelen. An et wiere méi Pappen, wéi Mammen, déi de Congé Parental huelen.

Grad Leit mat klengem Akommes an Allengerzéier hunn dacks wéineg Choix, fir manner ze schaffen. Een Elteregeld, dat ee kritt wann ee guer net oder manner schafft, hält d'Corinne Cahen awer net fir déi richteg Äntwert dorop. Esou géif een déi Leit nëmmen nach méi ausschléissen.

"Mir probéieren iwwer aner Weeër ze hëllefen. Ech soe lo Mol gratis Museksunterrecht, gratis Schoulbicher. Mir hëllefen doduerch, datt mir deene Leit, déi manner verdéngen, d'Allocation de vie chère ginn, déi mir déi leschte Jore konstant an ëmmer nees an d'Luucht gesat hunn."

Déi blo-rout-gréng Koalitioun hat d'Allocation d'éducation, déi Eltere kruten, wa si net geschafft hunn, 2015 ofgeschaaft.