Déi nei Anlag war néideg fir de Waasserverbrauch an de nächste Joren ze decken. Bannent deene leschten zéng Joer ass d'Populatioun staark gewuess, de Waasserverbrauch par konter ass nëmmen ëm zwee Prozent geklommen. D'Stéit an och d'Betriber ware vill méi spuersam ewéi virdrun, präziséiert den Direkter vun der SEBES Georges Kraus.
Kee Chlor méi néideg
Déi nei Technologien déi agesat ginn, ewéi de Partikelréckhalt an d'UV-Stralen, erlaben et op de Chlor ze verzichten, erkläert de Georges Kraus:
"Déi nei Waasseropbereedungsanlag huet modern Technologien, d'Ozoniséierung gouf verbessert, dat ass deen Deel wou Pestiziden a Medikamenter kënnen erausgeholl ginn. Mir hunn der zum Gléck am Stauséi net vill, mee sollt een Accident geschéien ewéi an der Belsch 2014 zu Vitry, da kënne mer vill méi séier an effikass drop reagéieren.
Membrane fir ze filteren
Fir d'Drénkwaasser ze desinfizéiere ginn verbessert Technologien agesat, erkläert de Georges Kraus.
"Dat heescht an Zukunft gëtt d'Waasser net méi chloréiert fir et ze desinfizéieren, mee mat UV-Liicht bestraalt, sou datt d'Bakterien déi am Traitement eventuell entstane wieren och eliminéiert ginn. Di wichtegst Etapp vum Traitement, déi och di gréisste Verbesserung duerstellt, dat ass eise Partikelréckhalt, wou Feststoffer, mee och Viren a Bakterien zréckgehale ginn, an dat maache mer mat Membranen.
Porte ouverte
Den 8. an 9. Juli ass zu Eschduerf eng Porte ouverte wou een d'Waasseropbereedungsanlag ka besiche goen.