Radioen

On air

Notturno  |  Anohni And The Johnsons - Why Am I Alive Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bettel: Keng Brexit-Verlängerung no den Europawahlen

EU-Sommet

Bettel: Keng Brexit-Verlängerung no den Europawahlen

De Xavier Bettel ass dogéint, datt de Brexit bis nom 23. Mee verluecht gëtt. Groussbritannie misst prett sinn, den Accord unzehuelen, éier een iwwerhaapt kéint en neien Datum envisagéieren.

auto_stories

2 min

"Kënnt guer net a Fro!". Dat ass dem Xavier Bettel seng Äntwert op d'Ufro vun der britescher Premierministerin Theresa May, de Brexit bis den 30. Juni ze verlängeren. Wéinst den Europawahlen, wier een Datum nom 23. Mee net méiglech, seet de Lëtzebuerger Premier.

Domat leent de Xavier Bettel d'Propos vun der vu britescher Premierministesch of, fir de Brexit op den 30. Juni ze verleeën. D'Theresa May wëllt déi aner EU-Länner iwwerzeegen, de Brexit-Datum ëm dräi Méint no hannen ze verréckelen. Mat der Demande ass déi britesch Premierministesch de Mëtteg hei zu Bréissel ukomm.

D'EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéieren haut, Donneschdeg zu Bréissel iwwer déi Demande. Eng Woch virum Stéchdag fir de Brexit erhéije si den Drock op Groussbritannien.

Keng Verlängerung ouni Deal

De franséische President Emmanuel Macron huet de Mëtteg ënnerstrach, Groussbritannie misst d'EU ouni Accord verloossen, wann dat britescht Parlament den ausgehandelten Deal d'nächst Woch net acceptéiert.

De Xavier Bettel ass zwar net grondsätzlech dogéint de geplangten Austrëttsdatum ëm e puer Wochen ze verréckelen, mee:

"Mir kennen net an d'Europawahle goen ouni ze wëssen, wat mat Groussbritannie weider geschitt. Dat maachen ech net mat."

Nieft der Demande vun enger Verlängerung freet déi britesch Premierministerin och, datt dat, wat si déi lescht Woch mam Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zu Stroossbuerg ofgemaach hat, soll an iergendenger Form institutionaliséiert ginn.

Eventuell zweete Sommet

Gëschter hat de Conseilspresident Donald Tusk gesot, déi Stroossbuerger Texter kéinte vun de Staats- a Regierungscheffen "adoptéiert ginn". Wat dat genee heescht, sot hien net. Den Donald Tusk hat awer gëschter och keen Zweiwel dru gelooss, dat ee Verleeë vum Datum vum Brexit just ënner enger Konditioun méiglech ass: nämlech wann dat britescht Parlament den Accord iwwer de Brexit unhëlt.

Dat schéngen also d'EU-Staats- a Regierungscheffen ähnlech ze gesinn.

De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot iwwerdeems, dat et net auszeschléisse wier, dat sech d'Staats- a Regierungscheffen déi nächst Woch nach eng Kéier musse gesinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.