Schonn an hirem Koalitiounsvertrag hunn déi éisträichesch Gréng an déi konservativ ÖVP sécherheetshallwer festgehalen, datt et an Asylfroe méiglech ass, och ausserhalb vun der Regierungskoalitioun Majoritéiten ze sichen. Net ouni Grond: Ëmmer nees geroden déi zwou Regierungsparteie bei dësem Thema uneneen.
Och vum Bundeskanzler ginn et nach keng Aussoen
U sech wier och lo erëm sou eng Situatioun: Och nodeems et faktesch net méi méiglech ass ofgeleenten Asyldemandeuren an Afghanistan zeréckzeschécken, well den Inneminister Karl Nehammer à tout prix net vun engem Stopp vun den Ofschiebunge schwätzen. Den ÖVP-Politiker well mat Nopeschstaate vum Afghanistan verhandelen, fir ofgeleenten Asyldemandeuren dohi bréngen ze kënnen.
Och nodeems d'Taliban Kabul ageholl hunn, gesäit hie kee Grond, firwat Afghanen an Éisträich sollte kommen - dat sot hien der däitscher Zeitung "Die Welt". De Grond fir seng haart Haltung ass wuel an der Innepolitik ze sichen: De Politiker huet dobäi d'Wieler vun der riets-nationaler FPÖ am Bléck.
De grénge Koalitiounspartner hält sech trotz dem extreemen Discours vum Inneminister mat Kritik zeréck. Wa se drop ugeschwat ginn, verweisen déi gréng Regierungsvertrieder meeschtens op de Fait, datt de Moment souwisou keng Ofschiebunge méiglech sinn. Kritik koum réischt am Laf vun der Woch lues a lues op, an och da meeschtens just vu Vertrieder aus der zweeter Réi.
Déi gréng Ministere sinn awer net déi eenzeg Regierungsvertrieder déi sech erstaunlech wéineg zum Inneminister sengen Aussoen zu Wuert mellen. Och de Regierungschef selwer, de Bundeskanzler Sebastian Kurz huet sech bis elo nach net zu deem Theema geäussert.