arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanzler Kurz suergt fir Sträit

EU-SOMMET

|
reading time

3 min

Kanzler Kurz suergt fir Sträit

Et muss méi séier virugoe mam Impfen, sou eng Konklusioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen. Engem stonnelaange Sträit ronderëm d'Verdeele vum Impfstoff an der EU konnte si awer net aus dem Wee goen.

reading time

3 min

Wéinst der Corona-Pandemie gouf d'Reunioun als Videokonferenz ofgehalen. D'Staats- a Regierungscheffen hu sech derbäi getommelt an iwwerraschenderweis all d'Punkten an engem Dag duerchgeholl, sou datt den zweete Sommetsdag gestrach gouf.

"Special guest" war gëschter Owend den amerikanesche President Joe Biden, dee kuerz bäigeschalt gouf. Virun allem sollt nom Wiessel am Wäissen Haus een neie Start an de Relatiounen tëscht der EU an den USA markéiert ginn.

Laang Diskussiounen iwwer 10 Milliounen Impf-Dosissen

Virdrun an dono gouf awer laang iwwer d'Verdeele vum knappsen Impfstoff ënner den EU-Länner diskutéiert. Ee Sträit, deen op d'Initiative vum éisträichesche Kanzler zeréckgoung. Hien hat am Virfeld kritiséiert, et wier en vue vum Liwwer-Enkpass vun AstraZeneca net fair, den Impfstoff eleng nom pro rata vun der Bevëlkerung ënner den EU-Länner ze verdeelen.

Do krut hien zwar net Recht, mee um Enn hat de Sebastian Kurz awer op d'mannst erreecht, datt sech stonnelaang gestridde doriwwer gouf, wéi vill jiddwereen aus enger Extra-Liwwerung vun 10 Milliounen Impf-Dosissen zu gutt huet.

Éisträich hat zesumme mat aneren dofir agesat, datt déi zousätzlech Dosissen der Fairness halber un déi Länner goe sollen, déi mam Impfen hannendra sinn.

Dat ass zum Beispill Bulgarien, wou just emol ee Prozent vun de Leit bis elo geimpft ass, a wat beim Akaf virun allem op AstraZeneca gesat hat. D'Staats- a Regierungscheffe kruten allerdéngs um Sommet eng Tabell presentéiert, déi weist, datt Éisträich am europäesche Verglach ganz gutt do steet. Dat dierft dozou bäigedroen hunn, datt sech eng Partie vehement géint d'Propose vum Kanzler Kurz gestäipt hunn.

Eng Léisung, "am Geescht vun der Solidaritéit"

Et gouf ee sech net eens, a schliisslech gouf deen Dossier verdaagt. De Ball ass elo am Camps vun den Ambassadeuren, fir, sou heescht, déi extra Dosissen am "Geescht vun der Solidaritéit" ze verdeelen.

Am Prinzip gëtt allerdéngs um Verdeelungsschlëssel, de sech nom pro rata vun der Bevëlkerung riicht, festgehalen, sot eis de Premier Xavier Bettel nom Sommet. "Et wier fir eis net an der Rei gewiescht, wa mir eppes ewech geholl krut hätten, bei enger supplementärer Liwwerung muss een awer och Solidaritéit beweisen".

Em Solidaritéit goung et och bei engem anere Sträitpunkt: "D'EU muss hir Part vun de Vaccinen kréien", huet d'Ursula von der Leyen betount. Si hat frësch Zuele mat op de Sommet bruecht. D'EU hätt zanter Dezember 77 Milliounen Dosissen Impfstoff an 33 Länner exportéiert, et kéim awer keen zeréck. 21 Milliounen dovu sinn a Groussbritannie gaangen.

Xavier Bettel: Elo net direkt d'Bazooka eraushuelen

D'Entreprise missten d'éischt hir Kontrakter anhalen, ier se exportéieren dierfen. "Dat gëllt virun allem fir AstraZeneca", sou d'Ursula von der Leyen. De brittesch-schwedeschen Hiersteller hat annoncéiert, am zweeten Trimester just 70 vun de versprachenen 180 Milliounen Dosissen ze liwweren.

D'Kommissioun huet ee Mechanismus en place gesat, fir Exporter kënnen ze stoppen. Ob dat elo duerchgezu gëtt, gouf allerdéngs net gekläert. Villes deit dorop hin, datt et bei Menace bleift. Och, well vu verschiddene Länner, dorënner Lëtzebuerg, Repercussioune gefaart ginn.

Et sollt een net de Message ginn, datt Europa den Export stoppt, sou de Premier Xavier Bettel. "Do riskéiert ee Géigereaktiounen". De Premier erënnert drun, datt d'EU bei der Impfstoffproduktioun op Material ugewisen ass, datt vu bausse kënnt.

Lëtzebuerg wier net géint een erweiderten Export-Mechanismus, sou de Premier. Ee Verbuet huet hien allerdéngs als "Bazooka" bezeechent.

"Dat, wat elo ugekënnegt gouf ass d'Bazooka. Wann déi muss erausgezu ginn als lescht Method, wäerte mir eis net opposéieren. Mir sinn awer der Meenung, datt et nach ee Wee ass, bis et sou wäit ass."

D'Benelux-Länner hunn enger EU-Source no zesumme mat Irland a Schweden drop gepocht, datt d'Kommissioun, ier se eng Decisioun hëlt, misst Récksprooch mat de Memberstaaten halen.