Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Drife - Leave It All Behind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kannergeld soll d'nächstJoer reindexéiert ginn

Familljeministère

Kannergeld soll d'nächstJoer reindexéiert ginn

D'Kannergeld soll op den 1. Januar 2022 reindexéiert ginn. D'Familljeministerin hätt der zoustänneger Chamberkommissioun dësen Datum virgëschter proposéiert, well am Koalitiounsaccord eng Reindexéierung virum Enn vun der Legislaturperiod 2023 virgesinn ass. Viru 15 Joer war d'Kannergeld desindexéiert ginn.

auto_stories

2 min

D'Gewerkschafte fuerderen, datt d'Verloschter aus de leschte Jore solle kompenséiert ginn: eng Reindexéierung vum Kannergeld eleng géif net duer goen.

Den LCGB begréisst, datt d'Kannergeld erëm soll indexéiert ginn. Well awer an de leschte Jore keng Upassung un d'Präisdéirecht geschitt ass, si Verloschter entstanen. De Christophe Knebeler vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond fënnt, datt d'Nouvelle vun der Indexéierung ze relativiséieren wier. Et hätt een ee Wäertverloscht vum Montant haut vun 265 Euro wieren eng ronn 71 Euro zanter 2006 net ugepasst ginn.

Indexéierung geet de Gewerkschaften net duer

Dowéinst fuerdert den LCGB, datt d'Kannergeld, nieft der Indexéierung, op 285 Euro de Mount misst klammen.

Den OGBL stellt sech d'Fro, firwat d'Regierung d'Reindexéierung vum Kannergeld net direkt mécht a firwat keng Kompensatioune fir déi lescht Jore virgesi sinn.

Familljeministerin wëll sech un Koalitiounsaccord halen

D'Familljeministerin ass iwwerdeems net bereet, e Schrack méi wäit ze goen. Si wéilt sech strikt un de Koalitiounsaccord halen, seet d'Corinne Cahen:

"2006 ass d'Kannergeld desindexéiert ginn, mam richtegen Argument deemools vun der CSV-LSAP-Regierung, datt ganz vill investéiert gëtt an d'Chèques services, an datt een dofir Sue brauch. Mir hu weider an d'Avantages en nature, Prestations en nature investéiert schonn an där leschter Legislaturperiod an och an dëser."

Si huet der zoustänneger Chamberskommissioun virgeschloen, dat op den 1. Januar d'nächst Joer ze maachen.