Et ass Zäit fir ze wielen. Net just an der Politik, och an de Schoulen. D'Primärschoulkanner ginn dowéinst d'Lycéeë kucken. D'Lycées-Kanner wielen d'Sektiounen an nächst Woch ass de Premiersexamen, eis Primaner misste spéitstens elo all wiele wéi et weidergeet. Mee esou einfach ass dat net.
De Choix vun haut ass rieseg
Keng Generatioun virdrun hat ee sou grousse Choix. D'Offer an Ausbildungsweeër ass enorm a gëtt ëmmer méi grouss.
Fir all Kand ass eppes do: Extraklasse fir d'Sportler a Museker, eng Schoul mat Projetsaarbecht oder besser eng ganz ouni iPad? Nei international Schoulen oder déi al Lëtzebuerger Versioun? Nei Franséisch-Klassen, e Bac op Englesch a zeg verschidde Beräicher am General, mat deenen een, so gëtt versprach, awer iergendwéi op d'Uni kommt - wëll dat ass et, wat vill Eltere sichen.
Eltere wëllen dat Bescht fir hirt Kand. Dofir ginn d'Famillje spéitstens am Cycle 4.1 op d'portes ouverten a kucke Weekend fir Weekend a frësch gebotzt Klassesäll. Si visitéiere siwen, aacht Lycéeën uechtert d'Land, fir datt d'Kand dat bescht fënnt an do hoffentlech eng Plaz kritt.
Kuerz drop maachen sech déi Jonk am Général rëm op d'Sich. Aus dem ganze Land kommen si op d'Schoulfoire op de Kierchbierg a ginn an dräi Halle mat Informatiounen, Spiller a Popcorn gelackelt fir e neie Wee ze fannen.
D'Kanner am Klassik missen d'Sektioune wielen. Hir Elteren hu sech nach tëscht Sproochen, Sciencen a Konscht entscheet. Elo ass de Choix och do riseg. Dëst Joer ginn et ellef verschidde Sektiounen - a pro Lycée weider Sonderangeboter.
Mee dat ass just e Virgeschmaach op dat wat no der Premier kënnt. Do konkurréieren d'Universitéite mat ëmmer nei Bachelor-Spezialitéiten. An och d'Uni Lëtzebuerg, déi laang kleng an iwwersichtlech war, profiléiert sech lo mat ëmmer nei Diszipliner.
Ee grousse Choix bréngt Iwwerfuerderung
Ass alles gutt gemengt. Awer vill vun eise Jonke si mat der rieseger Offer komplett iwwerfuerdert. Si sammele Broschüren, lauschteren Experten, pimpen hire CV an hir Uspréch sinn héich. Et schéngt jo alles méiglech ze sinn. Mee et ass wéi beim Tinder: Et swiped een ëmmer virun, gesäit een ëmmer nei Offeren a kann een sech awer net decidéieren.
Vill Jonker sinn ënner Drock a hänken am Näischt. Déi Erwuesse fuerdere vun hinnen eng Decisioun, den Educatiounsministère offréiert ëmmer weider Alternativen. D'Maison de l'Orientatioun bitt ëmmer weider Informatiouns-Owender. Nach méi Choix, nach méi Offeren.
Mee eise Kanner hëlleft dat net wierklech. Vill brauchen net méi Choix, mee méi Begleedung, Si brauche Mënschen, déi si gutt kennen, hinnen nolauschteren an hinne realistesch Tipps ginn.
Si brauchen Enseignanten, déi dat héichkomplext Ausbildungssystem selwer verstinn, a Pedagogen, déi si perséinlech guidéieren, an déi och Zäit dofir hunn.
A si brauche virun allem Elteren, déi hinnen hëllefen. Elteren, déi bereet sinn, déi ganz perséinlech Begabungen an Ziler vun hirem Kand ze gesinn a mat him éierlech no dem beschte Wee sichen. Et muss een dofir Zäit hunn a matenee schwätzen. An et kann een och nach siwe Lycéeë kucken. Muss een awer net.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.