arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner-Jugendtelefon: Manner Uriff, awer méi belaaschtend Situatiounen

Jonker a Pandemie-Zäiten

|
reading time

1 min

Kanner-Jugendtelefon: Manner Uriff, awer méi belaaschtend Situatiounen

De Service Kanner-Jugendtelefon ass zejoert manner dacks ugeruff oder online ugeschriwwe gi wéi 2019. D'Zuel vu Kontakter vun deem engen op dat anert Joer wiere vun eppes iwwer 1.700 op knapp ënner 1.600 gefall, seet d'Barbara Gorges-Wagner, Chargée de Direction vun der Helpline. Allerdéngs wieren déi Kanner a Jugendlech, déi sech gemellt hunn, méi staark vun der aktueller Situatioun belaascht gewiescht, wéi dat viru Corona de Fall war.

reading time

1 min

Esouwuel um Kanner-Jugendtelefon wéi och beim Elterentelefon wieren d'Gespréicher an der leschter Zäit méi laang ginn a se géifen dacks ëm d'Theema Hëlleflosegkeet an der Famill dréien. Och Eltere wieren an dësen Zäiten dacks iwwerfuerdert an déi traditionell Adresse stoungen net méi ëmmer zur Verfügung, esou d'Barbara Gorges-Wagner.