Militärkonflikt Kämpf am Groussraum Kiew

Déi éischt russesch Zaldote sinn an der ukrainescher Haaptstad Kiew. Dat huet den ukrainesche Verdeedegungsministère de Moie gemellt, een Dag nom Ufank vum Krich vu Russland géint d'Ukrain. Déi russesch Unitéite wieren am Norde vu Kiew, schreift de Ministère weider. Onofhängeg iwwerpréiwe loosse sech dës Informatiounen net, notéiert déi däitsch Noriichtenagence DPA. Déi ukrainesch Arméi géif am Groussraum Kiew géint russesch Truppe kämpfen, esou e Militärspriecher.

Serge Kesseler / cz

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Foto: picture alliance / Pacific Press | Michaal Nigro

Zu Kiew liewen 2,8 Millioune Mënschen. Den ukrainesche Verdeedegungsministère huet een Appell un d'Populatioun an der Haaptstad gemaach, hir Wunnengen net ze verloossen. D'Leit solle sougenannte Molotow-Cocktailer fir de Kampf virbereeden.

Virdrun hat den ukraineschen Ausseminister Kuleba op Twitter vun "schreckleche russesche Rakéitenattacken op Kiew" geschriwwen.

Déi genee militäresch Situatioun an der Ukrain bleift oniwwersiichtlech. Rieds geet vu russesche Loftattacken am ganze Land.

No der grouss ugeluechter russescher Attack huet den ukrainesche President Moskau virgehäit, d'Zivilpopulatioun an der Ukrain gezielt ze viséieren. Gläichzäiteg huet de Selenskyj kritiséiert, datt et ze wéineg Ënnerstëtzung aus dem Ausland géif ginn. De President ass der Meenung, datt déi russesch Attack d'Zil hätt, hien ze stierzen.

Russland huet seng Ziler um éischten Dag vum Krich net erreescht

Russland wier bei senger Attack net esou séier viru komm, wéi geplangt. Dat ass iwwerdeems d'Aschätzung vun der brittescher Regierung. Déi russesch Arméi wier um éischte Krichsdag doru gescheitert, hir Ziler z'erreechen, heescht et vu London. Russland hätt och 450 Zaldote verluer.

Moskau selwer mellt, datt 118 ukrainesch Militär-Objeten zerstéiert wieren: dorënner 11 Militärfluchhäfen. Och dat wier net onofhängeg z'iwwerpréiwen, esou d'DPA.

100.000 Mënschen op der Flucht

D'UNO schätzt, datt an der Tëschenzäit 100.000 Mënschen op der Flucht sinn.

D'USA hunn zousätzlech 7.000 Zaldoten an Europa verluecht. Si solle virop an Däitschland stationéiert ginn, an d'Verdeedegung vun den NATO-Partnere stäerken.

Trotz der Attack op d'Ukrain géif Russland virun de Gas-Transit duerch d'Nopeschland a Richtung Europa garantéieren, esou haut de russesche Staatskonzern Gazprom.

EU schafft u weidere Sanktioune géint Russland

An d'Europäesch Unioun preparéiert "en urgence" weider Sanktioune géint Moskau. Dat huet d'Rootspresidence zu Bréissel am spéide Moie matgedeelt.

Um dräi Auer de Mëtteg fänkt wéinst dem Krich an der Ukrain e Spezialsommet vun den NATO-Staats- a Regierungscheffen un, dat a Form vun enger Videokonferenz.

Méi zum Thema

Jean-Claude Juncker.jpg
Ukrain-Konflikt

Den zweete Pak vu Sanktiounen, deen d'EU gëschter decidéiert huet hätt d'Potenzial, Russland mëttelfristeg ganz wéi ze doen, esou de Jean-Claude Juncker - mee et géing de Wladimir Putin net zum Ëmdenke beweegen.

Olaf Scholz an Charles Michel um Spezial-Sommet
Ukrain-Konflikt

EU bréngt zweete Sanktiounspak géint Russland op de Wee. Betraff sinn de russesche Finanz-, den Energie- an den Transport-Secteur, virgesi sinn och Export-Kontrollen.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen