Radioen

On air

Tockcity  |  The Weeknd, Justice - Wake Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Käerch: Éischtgewielte gëtt aus dem Schäfferot ausgeschloss

Nom Verzicht op de Buergermeeschter-Posten

Käerch: Éischtgewielte gëtt aus dem Schäfferot ausgeschloss

An der Majorzgemeng Käerch bleift de Jean Wirion Buergermeeschter. Hien ass Zweetgewielte ginn, mat 70 Stëmmen Ofstand zum Kevin de Oliveira. Deen huet awer op de Buergermeeschter-Poste verzicht.

auto_stories

1 min

Reaktioun Kevin de Oliveiraplay_arrow


Den 31 Joer ale Kevin de Oliveira war fir eng éischte Kéier zu Käerch ugetrueden. Dat at der Intentioun fir d'éischt emol an de Schäfferot ze kommen. D'Équipe ronderëm den aktuellen an neie Buergermeeschter Jean Wirion hätt awer decidéiert, hien net mat an de Schäfferot ze huelen, seet den Éischtgewielte Kevin de Oliveira am 100,7-Interview. Hie wéisst sech enttäuscht iwwer dës Entscheedung.

"Dem Buergermeeschter seng Equipe huet sech zesumme getraff a si hunn do zesumme geschwat. A si hunn do zesummen entscheet, fir mech do net mat an de Schäfferot ze huelen. Ech fannen et net fair par rapport zu de Wieler, also de Wielerwëllen ass guer net respektéiert ginn."

De Kevin de Oliveira krut 779 Stëmmen. De Jean Wirion krut der genau 70 manner.