Kaarten op den Dësch Energiekris: Geschwë weltwäit Vitesslimitatiounen op Autobunnen ?

10 km/h manner op den Autobunnen ? Autofräi Sonndeger ? 3 Deeg Télétravail an der Woch ? De Minister Claude Turmes sot an eiser Sendung Kaarten op den Dësch, esou wäitreechend Mesurë kéinten deemnächst decidéiert ginn. D'Invitéeë ware sech eens: D'Energiekris an d'Klimakris erfuerdere séier Reaktiounen.

Jean-Claude Franck / cz

2022-03-18-KOOD-Héich Energiepräisser v2

Lauschteren


Claude Turmes: Et braucht grouss Ustrengungen

Den Energieminister Claude Turmes hält et fir méiglech, datt de Westen deemnächst gréisser Mesuren decidéiert fir Pëtrol a Gas anzespueren. D'Reunioun vun den Energieministere vun der Internationaler Energieagence d'nächst Woch zu Paräis wier immens wichteg, sot de grénge Minister hei um Radio. Et leie Virschléi um Dësch, fir eng Vitesslimitatioun op den Autobunnen, autofräi Sonndeger a grousse Stied oder dräi Deeg Télétravail pro Woch.

De gréngen Energieminister Claude Turmes

D'IEA schätzt, datt d'Demande no Pëtrol esou kéint déi nächst véier Méint em 2,7 Millioune Barrel den Dag reduzéiert gi fir datt d'Pëtrolspräisser nees falen. "Dat ass elo um héchste politeschen Niveau", esou de Claude Turmes an eiser Sendung Kaarten op den Dësch. Hien hätt d'Hoffnung, datt wéinst der Energiekris eng weltwäit Beweegung lass getrëppelt gëtt, déi och dem Klimaschutz an der Energietransitioun ze gutt kënnt.

D'Blanche Weber warnt virun Investitiounen a klimaschiedlech Technologien

D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique, huet awer virdru gewarnt, datt elo nees ëffentlech Gelder a klima- an ëmweltschiedlech Technologie gestach ginn, wéi zum Beispill Atom- a Kuelekraaftwierker.

D'Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber

Patronat: De Staat soll cibléiert hëllefen

D'Lëtzebuerger Patronat ass fir d'Energietransitioun, hunn de Fedil-Direkter René Winkin an de Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib an UEL-President kloer gemaach. Béid hu sech zum Beispill dogéint ausgeschwat, datt d'CO2-Steier kéint erofgeschrauft gi fir d'Stéit an d'Betriber z'entlaaschten.

Den Direkter vun der FEDIL, René Winkin

De Staat sollt een net mat der Géisskan hëllefen, mee cibléiert do wou et néideg ass, esou de René Winkin. Et wier richteg, d'Kafkraaft bei sozial schwaache Leit ze retabléieren, mee et géif och Leit zu Lëtzebuerg gi, bei deenen et an der Rei wier, datt d'Präisser klammen, well et eng Signalwierkung hätt, esou de René Winkin: "Ass et richteg, de Leit ze suggeréieren: Maacht weider wéi gehabt?", huet de Fedil-Direkter gefrot.

Michel Reckinger: De Staat hätt misste méi kloer kommunizéieren

De Michel Reckinger versteet eegenen Aussoen no net, datt d'Lëtzebuerger Politik net scho virum Krich an der Ukrain méi offensiv gesot huet, datt d'Energiepräisser klammen.

De Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib a President vun der UEL.

D'CO2-Steier wier jo dofir do fir en neit Konsumverhalen ze bewierken: "Et ass jo dat wat et soll bréngen: Datt et méi deier gëtt, fir datt de Client sech en Elektroauto keeft oder eng Wärmepompel", esou de Michel Reckinger. Déi fossil Energie misst méi deier gi, well soss géif de Client net wiesselen. Vu Januar u wieren d'Demande fir Wärmepompelen zu Lëtzebuerg "massiv" geklommen.

"Et gesäit jo all Mënsch elo, datt et net kann esou weider goen", esou d'Konklusioun vun der Blanche Weber mat Bezuch op de Krich an der Ukrain an op d'Coronapandemie. Et géifen natierlech Frustratioun an Ängschte ginn, mee hoffentlech géife positiv Iddie komme fir de Changement hinzekréien, well et wier eng vun de leschte Chancen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Turmes
Energie

Staatlech Hëllefe fir d'Ersetze vu Mazout- a Gasheizunge sollen op tëschent 8.000 an 12.000 Euro klammen, administrativ Prozedure solle vereinfacht ginn. Dat huet de Claude Turmes am 100,7-Interview ugekënnegt.

EU Sommet
EUROPÄESCH UNIOUN

Um EU-Sommet gouf stonnelaang iwwer d'Hausse vun den Energiepräisser a méiglech Perspektive fir den europäesche Energie-Marché diskutéiert. Um Enn gouf ee sech net eens - haaptsächlech well d'Meenungen iwwert Atomkraaft ausernee ginn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen