Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juncker: "Si wäerte mir méi feelen, wéi ech hinnen"

Fënnef Joer Juncker-Kommissioun

Juncker: "Si wäerte mir méi feelen, wéi ech hinnen"

Eng bonne Note an der Sozialpolitik, eng manner gutt Zensur an der Gestioun vun der Migratioun, dat ass ee vun de Bilane vun der Juncker-Kommissioun, déi een zéie kann. "Ech sinn erliichtert an anerersäits och net frou", seet de Kommissiounschef, wéi hien Enn November als Kommissiounschef Äddi gesot huet. Mir kucken zeréck op seng Amtszäit, déi viru fënnef Joer éischter onbequem fir de Lëtzebuerger ugefaangen hat.

auto_stories

5 min

Am Oktober 2014 war et esou wäit. De Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker war um Zil, seng Kommissioun krut eng Majoritéit am Europaparlament. "Gutt, datt mir elo lassleeë kënnen", sot deemools den Ex-Lëtzebuerger Premier an engem éischten Interview mam 100,7 zu Stroossbuerg.

De 5. November war seng éischt Pressekonferenz zu Bréissel. D'Erwaardungen un hie géifen him Angscht maachen, sot do de Jean-Claude Juncker, dee visiblement à l'aise war am Pressesall vun der EU-Kommissioun.

No Luxleaks-Publikatioun: De Kommissiounchef daucht ënner

Een Dag dono huet d'Welt anescht ausgesinn. D'Revelatiounen, déi ënner dem Numm Luxleaks an d'Geschicht aginn, goufen de 6. November publizéiert. Den neie Kommissiounspresident war doropshin manner gespréicheg an ass fir d'éischt emol eng Woch ënnergedaucht.

"Dat war ouni Zweiwel ee Feeler", sot de Jean-Claude Juncker, wéi hien den 12. November endlech virun d'Press getrueden ass. Do hunn hien onbequem Froen erwaart. Ob hien als laangjärege Premier den Architekt vun der Lëtzebuerger Strategie a Steierfroen war?, wollt ee Journalist vum Wallstreet Journal wëssen.

Hie wier net den Architekt vun deem Modell, d'Lëtzebuerger Steierverwaltung géif autonom handelen, dat ass d'Verteidegungslinn vum Ex-Premier iwwer déi nächst Joren.

An awer huet sech dat dräi Joer dono, wéi d'Panama Papers weider Detailer iwwer lusch Steierpraktiken un d'Liicht bruecht hunn, e bëssen anescht ugehéiert. "Dat ass ee seriöe Problem, dat huet een net nëmmen zu Lëtzebuerg gemierkt", seet de Jean-Claude Juncker am Europaparlament. Hien annoncéiert, datt d'Kommissioun Direktiv wäert proposéiere fir géint änlech Machenschafte virzegoen.

Dat gouf gemaach an um Enn krut d'Juncker-Kommissioun esou guer vu schaarfe Kritiker eng bonne Note, wann et ëm Mesurë géint Steier-Evasioun geet.

Fortschrëtter am Sozialen

Een historesche Moment gouf et am Mäerz 2017 zu Roum, wou 60 Joer EU gefeiert gouf.

An der Déclaratioun, déi dono ouni d'Briten ënnerschriwwe gëtt, kennt dat Sozialt ze kuerz, gëtt de Jean-Claude Juncker zou.

Ëmmerhin ginn am November an engem anere Pabeier op engem Sozial-Sommet Grondprinzipie fir déi europäesch Sozialpolitik festgehalen. Den Text wier kee Gedichtsband, mee ee Programm vu Prinzipien an Aktiounen, sou de Jean-Claude Juncker zu Göteborg.

Foto: Europäesch Kommissioun

Eng vun deenen Aktioune war d'Aféiere vun enger europäescher Aarbechts-Autoritéit. "Mir hunn eng Banken-Autoritéit, da brauche mer och eng Aarbechts-Autoritéit", seet de Jean-Claude Juncker. Déi nei Institutioun soll hëllefen, d'Aarbechtsrecht an den EU-Länner ze harmoniséieren.

"Dat gëtt net einfach", sou seng Aschätzung an effektiv kritt d'Autoritéit dono däitlech manner Pouvoir wéi ufanks geplangt. Dat louch virun allem un der grousser Oppositioun vu verschiddene Memberlänner.

Keen Duerchbroch an der Migratioun

Grouss institutionell Reforme kritt och dës Kommissioun net duerchgesat. D'Propos zum Beispill, an Zukunft de Poste vum Conseils- a vum Kommissiounspresident zesummenzeleeën, gouf wéi anerer net zeréckbehalen.

Trauregen historesche Moment war de brittesche Referendum iwwer den Austrëtt aus der Europäescher Unioun. Hien hätt sech solle wärend der Campagne méi amëschen, sot dono de Jean-Claude Juncker.

Foto: dpa / picture alliance

De Brexit gouf net verhënnert, awer bis elo och net ëmgesat. Domat geet de Lëtzebuerger net als dee Kommissiounspresident an d'Geschicht an, ënner deem fir d'éischte Kéier ee Member d'Unioun verléisst.

Allerdéngs och net als een, deen dee gréisste Sträitpunkt, nämlech den Dossier Migratioun an de Grëff krut. D'Propos Quoten anzeféiere gouf vu Verschiddenen esou kategoresch refuséiert, datt se dono guer net méi opdaucht.

"Wann d'Memberlänner alleguerten eis Proposen net nëmmen ugeholl, mee och applizéiert hätten, wier ville Mënsche vill Leed erspuert bliwwen", sou de Kommissiounspresident zejoert. Hie passt seng Politik de Wënsch vun de Memberlänner un a setzt den Accent méi op d'Protektioun vun de Baussegrenzen.

Foto: Europäesch Kommissioun

Juncker zu Washington: "I am the man"

Stolz ass de Jean-Claude Juncker am Réckbléck op d'Roll vu senger Kommissioun an der Griicheland-Kris. Et wier wichteg gewiescht, sech géint d'Opléise vun der Eurozon anzesetzen, sot de Kommissiounschef, wéi hien am Oktober am Europaparlament de Bilan gezunn huet. Stolz ass hien och dorop, datt hien am Handelskrich mat den USA dem President Donald Trump perséinlech erkläert huet, datt d'Kommissioun an dësem Dossier d'Heft an der EU an der Hand huet. "Wenn man als Luxemburger in Washington sitzt und sagt: I am the man - c'est du jamais vu".

Vill Tréine gouf et um Enn, wéi et geheescht huet, Äddi ze soen a wéi hie senge Kommissären ëffentlech Merci gesot huet. "Ech sinn erliichtert an anerersäits och net frou", sou de Jean-Claude Juncker. "Ech hunn déi Aarbecht gäre gemaach, mat deenen enge léiwer, wéi mat deenen aneren. Ech wäert hinne manner feelen, wéi si mir."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.